Dës Säit befaasst sech mam Joer 1982.
D'Joer 1982 huet op engem Freideg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
Europa
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
- 13. Juni: Nom Doud vu sengem Hallefbrudder Chalid gëtt de Fahd Kinnek vu Saudiarabien.
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Film
Wëssenschaft an Technik
Sport
- Den Avenir Beggen gëtt Landesmeeschter am Foussball.
- 27. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:1 géint Frankräich.
- 09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:2 géint Griicheland.
- 10. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 1:2 géint Dänemark. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Marcel Di Domenico geschoss.
- 15. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu London, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:9 géint England.
Gebuer
- 000Ann Cotten, Schrëftstellerin
- 000Sophie Jung, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 05. Januar: Janica Kostelić, kroatesch Alpinschileeferin.
- 06. Januar: Ana Petrova, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 08. Januar: Joel Holtzem, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 19. Januar: Cristina Da Silva Correia, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 31. Januar: Yukimi Nagano, schweedesch Sängerin.
- 03. Februar: Stéphanie Hinger, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 04. Februar: Elise Schmit, lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Literaturkritikerin.
- 15. Februar: Élodie Frégé, franséisch Sängerin.
- 21. Februar: Christophe Hansen, lëtzebuergesche Politiker.
- 09. Mäerz: Lynn Elouardi, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 15. Mäerz: Sven Di Domenico, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Mäerz: Timo Glock, F1-Pilot.
- 20. Mäerz: Roman Richtarik, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 21. Mäerz: Rosangela Settanni, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 31. Mäerz: Chloé Zhao, chineesesch Filmregisseurin, Dréibuchauteurin, Filmediteurin a Filmproduzentin.
- 07. Abrëll: Anne Ludivig, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 20. Abrëll: Pascal Schweitzer,lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 20. Abrëll: Gregory Speck, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 22. Abrëll: Kaká, brasilianesche Foussballspiller.
- 24. Abrëll: Joseph Colabianchi, lëtzebuergesche Schräiner.
- 03. Mee: Rebecca Hall, brittesch Schauspillerin.
- 06. Mee: Serge Wilmes, lëtzebuergesche Politiker an Historiker.
- 07. Mee: Sally Barthel, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 10. Mee: Jean de Marchi, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 12. Mee: Marcel Ewen, lëtzebuergesche Reider.
- 01. Juni: Justine Henin, belsch Tennisspillerin.
- 01. Juli: Dan Ley, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 03. Juli: Véronique Kohnen, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 06. Juli: Barbara Agostino, lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin.
- 14. Juli: Maciek Majchrzak, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 16. Juli: André Greipel, däitsche Vëlossportler.
- 17. Juli: René Herms, däitschen 800-Meter Leefer.
- 17. Juli: Jonathan Proietti, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. Juli: Mira Craig, norwegesch-US-amerikanesch Sängerin.
- 02. August: Elena Berlato, italieenesch Vëlossportlerin.
- 05. August: Tobias Regner, däitsche Rocksänger.
- 10. August: David Kraus, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 25. August: Alain Kohl, lëtzebuergesche professionellen Daucher.
- 08. September: Joëlle Leuchter, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 08. September: Pierre Hoffmann, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 11. September: Michel Reis, lëtzebuergeschen Jazz-Pianist.
- 23. September: Han Han, chineesesche Rallyefuerer a Blogger.
- 03. Oktober: Emma Pooley, englesch Vëlossportlerin.
- 30. Oktober: Chimène Badi, franséisch Sängerin.
- 03. November: Max Steffen, lëtzebuergesche Moler an Industriedesigner.
- 06. November: Marc Oberweis, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. November: Anne Hathaway, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. November: Carina Alves Nogueira, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 22. November: Taina Bofferding, lëtzebuergesch Politikerin.
- 06. Dezember: Alberto Contador, spuenesche Vëlossportler.
- 28. Dezember: Patrick Lassine, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen
- Richard Hengst: däitschen NSDAP-Politiker a Jurist, an 'Oberbürgermeister der Stadt Luxemburg'.
- 01. Januar: Estella Blain, franséisch Schauspillerin.
- 08. Januar: Grégoire Aslan, armeenesche Schauspiller.
- 11. Januar: Ronald Lewis, walisesche Schauspiller.
- 13. Januar: Marcel Camus, franséische Schauspiller.
- 15. Januar: Robert Lynn, brittesche Filmregisseur.
- 07. Februar: Joseph Reinhardt, franséische Gittarist.
- 14. Februar: Jean Backes, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 17. Februar: Thelonious Monk, US-amerikaneschen Jazz-Museker.
- 18. Februar: Ferdinand Wirtgen, lëtzebuergesche Jurist a President vum Staatsrot.
- 20. Februar: Karl Heinrich Fielitz, däitsche Jurist an am 2. Weltkrich "Landrat" zu Lëtzebuerg.
- 03. Mäerz: Georges Perec, franséische Schrëftsteller.
- 05. Mäerz: John Belushi, US-amerikanesche Schauspiller a Sänger.
- 19. Mäerz: Randy Rhoads, US-amerikanesche Gittarist.
- 19. Mäerz: Alan Badel, briotesche Schauspiller.
- 22. Mäerz: Nicolas Farkas, ungaresche Kameramann, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 29. Mäerz: Walter Hallstein, däitsche Politiker.
- 29. Mäerz: Carl Orff, däitsche Pedagog a Komponist.
- 30. Mäerz: Sergio Grieco, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 02. Abrëll: Max de Vaucorbeil, belsch-franséische Filmregisseur.
- 03. Abrëll: Warren Oates, US-amerikanesche Schauspiller.
- 05. Mee: Irmgard Keun, däitsch Schrëftstellerin.
- 07. Mee: Alfred Adam, franséische Schauspiller.
- 13. Mee: Albert Moes, lëtzebuergeschen Akkordeonist a Komponist.
- 22. Mee: Léon Schaus, Direkter vun der Steierverwaltung a Member vum Staatsrot.
- 29. Mee: Romy Schneider, éisträichesch Schauspillerin.
- 07. Juni: Raymond Lamy, franséische Filmediteur a -regisseur.
- 10. Juni: Rainer Werner Fassbinder, däitsche Regisseur.
- 13. Juni: Chalid ibn Abd al-Aziz, Kinnek vu Saudiarabien.
- 17. Juni: Roberto Calvi, italieenesche Geschäftsmann.
- 18. Juni: Curd Jürgens, däitsch-éisträichesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 01. Juli: Michel Delleré, lëtzebuergesche Professer a Literat.
- 05. Juli: Henri Pleger, lëtzebuergeschen Héich- a Wäitsprénger an Olympionik.
- 12. Juli: Raymond Borderie, franséische Filmproduzent.
- 12. Juli: Kenneth More, englesche Filmschauspiller.
- 13. Juli: Alfred Loesch, lëtzebuergeschen Affekot.
- 16. Juli: Patrick Dewaere, franséische Schauspiller.
- 20. Juli: Jean Girault, franséische Filmregisseur.
- 05. August: Dieter Borsche, däitsche Schauspiller.
- 06. August: Théophile Speicher, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 10. August: José Nieto, spuenesche Schauspiller.
- 12. August: Henry Fonda, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. August: Jacques Riberolles, franséische Schauspiller.
- 19. August: M. K. Vainu Bappu, indeschen Astronom.
- 20. August: Ulla Jacobsson, schweedesch-éisträichesch Schauspillerin.
- 23. August: Alberto Cavalcanti, Filmregisseur.
- 24. August: Giorgio Abetti, italieeneschen Astronom.
- 25. August: Hans van Tongeren, hollännesche Schauspiller.
- 29. August: Ingrid Bergman, schweedesch Schauspillerin.
- 07. September: Henri Kass, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 09. September: Adolf Patek, éisträicheschen Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.
- 11. September: Albert Soboul, franséischen Historiker.
- 14. September: Grace Kelly, US-amerikanesch Schauspillerin, spéider Prinzessin Gracia Patricia vu Monaco.
- 04. Oktober: Glenn Gould, kanadesche Komponist a Pianist.
- 12. Oktober: John Brahm, Filmregisseur.
- 16. Oktober: Paolo Heusch, italieenesche Filmregisseur.
- 16. Oktober: Joé Treinen, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 18. Oktober: Pierre Mendès France, franséische Politiker.
- 01. November: King Vidor, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 04. November: Alicia Penalba, Sculptrice.
- 04. November: Jacques Tati, franséische Filmregisseur a -schauspiller.
- 05. November: Yves Ciampi, franséische Filmregisseur.
- 10. November: Leonid Breschnew, Politiker aus der Unioun vun de sozialistesche Sowjetrepublicken.
- 14. November: Lucien Bidinger, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 01. Dezember: Paul Elvinger, lëtzebuergesche Politiker.
- 01. Dezember: Albert Goedert, lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Member vum Staatsrot.
- 09. Dezember: Fritz Usinger, däitsche Schrëftsteller, Lyriker, Essayist an Iwwersetzer.
- 13. Dezember: André Prost, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 20. Dezember: Arthur Rubinstein, US-amerikanesche Pianist.
- 24. Dezember: Louis Aragon, franséische Schrëftsteller an Dichter.
- 24. Dezember: Maurice Biraud, franséische Radiosspeaker a Schauspiller.
Um Spaweck
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1982, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.