D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, A-Kader (offiziell: Équipe nationale du Luxembourg de football / Équipe nationale A) ass eng Selektioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspiller, déi vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) ausgewielt ginn.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lëtzebuerg | |||
Spëtznumm: | D'Roud Léiwen (Les Lions Rouges, Die Roten Löwen) | ||
Federatioun: | FLF | ||
Trainer: | Luc Holtz | ||
Meescht Matcher: | Mario Mutsch (102) | ||
Meescht Goler: | Léon Mart (16) | ||
Stadion: | Stadion vu Lëtzebuerg (Stad Lëtzebuerg) | ||
Historesch Matcher | |||
Éischte Match: | Lëtzebuerg – Frankräich: 1–4 29. Oktober 1911, Stad Lëtzebuerg | ||
Héchst Victoire: | Lëtzebuerg – Afghanistan: 6–0 26. Juli 1948, London | ||
Héchst Nidderlag: | Däitscht Räich – Lëtzebuerg: 0–9 4. August 1936, Berlin Lëtzebuerg – England: 0–9 19. Oktober 1960, Stad Lëtzebuerg England – Lëtzebuerg: 9–0 15. Dezember 1982, London Portugal – Lëtzebuerg: 9–0 11. September 2023, Loulé | ||
Olympesch Summerspiller | |||
Participatioun: | 6 × (fir d'éischt 1920) | ||
Bescht Resultat: | Véierelsfinall 1948 | ||
|
Si representéiert d'FLF op internationalem Niveau, zum Beispill bei Frëndschaftsmatcher géint Ekippe vun aneren nationale Verbänn, awer och bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).
Foussball ass eng vun de beléiftste Sportaarten zu Lëtzebuerg. An der FIFA-Weltranglëscht läit d'Lëtzebuerger Nationalekipp op Plaz 85 vun 211 (Stand: September 2023).
D'Lëtzebuerger Foussballnationalekipp hat ni grousse Succès, an huet sech nach keng Kéier fir UEFA- oder FIFA-Meeschterschafte qualifizéiert. Lëtzebuerg huet souguer den Antirekord als d'Land mat der gréisster Zuel vu feelgeschloene Qualifikatioune fir d'Weltmeeschterschaft a fir eng regional Meeschterschaft. En Déifpunkt an der Geschicht waren d'Joren 1980 bis 1995 wou d'Selektioun 35 Néierlagen hannereneen huet missen astiechen. Am Oktober 1995 dogéint huet d'Lëtzebuerger Selektioun sech an der FIFA-Weltranglëscht fir d'éischt ënner déi 100 éischt Nationalekippe vun der Welt klasséiert, an dat fir zwéi Méint op der 98. Plaz.
Zanter 2010 ass de Luc Holtz Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Ënner senger Leedung huet d'Ekipp weesentlech am meeschte Succès. D'Nationalekipp huet deemno géint d'Slowakei, Griicheland, Albanien, Ungarn, Nordirland asw. gewonnen, an huet mat en ettlechen zolidden Ekippen, ënner anerem mat Italien, Frankräich oder mam Senegal gläichgespillt.
Den 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischt Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1:4 an der Stad verluer. Déi éischt lëtzebuergesch Nationalekipp huet haaptsächlech aus Foussballspiller vun de Stater Veräiner Spora Lëtzebuerg, vun der Union Lëtzebuerg a vum Racing Lëtzebuerg bestanen: Alphonse Weicker, Jemmy Becker, Zénon Bernard, François Langers, Joseph Faber, Albert Elter, Emile Kuborn, Joseph Michaux, Henri Schwartz, Michel Ungeheuer a Victor Kauth. Den 8. Februar 1914 huet Lëtzebuerg sech revanchéiert, de Match ass 5-4 ausgaangen.
Oplëschtung vun alle Lëtzebuerger Participatioune bei olympesche Spiller:
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
23 vu 25 Nationalekippespiller spillen an auslännesche Clibb, an hirer 23 sinn a Profi-A-Kaderen (Stand: März 2024).
Positioun | Spiller | Alter am Ament vum Match | Club |
---|---|---|---|
Am Gol: | Anthony Moris | 33 | Union Saint Gilloise |
Ralph Schon | 29 | FC UNA Stroossen | |
Tim Kips | 18 | RE Virton → F91 Diddeleng | |
Ofwier: | Laurent Jans | 31 | SV Waldhof Mannheim |
Kevin Malget | 28 | RE Virton | |
Lars Gerson | 33 | IFK Norrköping | |
Dirk Carlson | 21 | Karlsruher SC | |
Chris Philipps | 25 | Legia Warschau → Legia Warschau II | |
Marvin Martins Da Graça | 24 | Karpaty Lwiw | |
Mëttelfeld: | Olivier Thill | 22 | FK Ufa |
Leandro Barreiro Martins | 23 | 1. FSV Mainz 05 | |
Danel Sinani | 22 | F91 Diddeleng | |
Vincent Thill | 19 | FC Metz → US Orléans | |
Aldin Skenderovic | 22 | FC Progrès Nidderkuer | |
Vahid Selimovic | 22 | Apollon Limassol | |
Tim Hall | 22 | Karpaty Lwiw | |
Mathias Olesen | 22 | 1. FC Köln | |
Christopher Martins Pereira | 22 | Spartak Moskau | |
Ugrëff: | Gerson Rodrigues Gouveia | 24 | Júbilo Iwata → Dynamo Kyjiw |
Maurice Deville | 27 | SV Waldhof Mannheim | |
David Turpel | 26 | F91 Diddeleng | |
Florian Bohnert | 25 | SC Bastia | |
Daniel Da Mota Alves | 33 | Racing FC Union Lëtzebuerg | |
Aurélien Joachim | 32 | RE Virton |
Notten:
fettgedréckt: Kapitän
kursiv: Ersatzspiller
duerchgestrach Kursivschrëft: blesséierten oder ausgescheete Spiller
D'Lëscht vu Spiller, déi ni am Kader vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp waren, awer als potenziell zukünfteg Nationalspiller gëllen (Stand : September 2019).
Spiller a seng Positioun | Duebel Nationalitéit ? | Gebuertsdatum | Club |
---|---|---|---|
vakant |
2004 huet d'Fédération luxembourgeoise de football de beschte Spiller vun de leschte 50 Joer ausgewielt. De "Gëlle Spiller" ([Luxembourg's] Golden Player) gëtt de Mëttelfeldspiller Louis Pilot (1940–2016), dee vun 1959 bis 1971 am Kader vun der Foussballnationalekipp war, a siwe Goler geschoss huet. De Pilot war och bekannt als Member vu verschiddene belsche Clibb, ënner anerem vum Lécker Standart; seng Participatioun bei dësem Club war ganz erfollegräich.
(Stand: September 2023)
An hirer Geschicht huet Lëtzebuerg 442 FIFA-Matcher gespillt, hirer 52 ware Victoirematcher, 56 ware Gläichspiller an 335 waren Néierlagen (Stand: Oktober 2023).
D'Resultater no Joerzéngten:
Joerzéngt | V. | G. | N. | V.+G./N. |
---|---|---|---|---|
1910er | 1 | 0 | 2 | 0,5 |
1920er | 0 | 1 | 4 | 0,25 |
1930er | 1 | 0 | 11 | 0,09 |
1940er | 4 | 1 | 6 | 0,83 |
1950er | 1 | 1 | 12 | 0,17 |
1960er | 3 | 4 | 23 | 0,3 |
1970er | 2 | 3 | 34 | 0,15 |
1980er | 2 | 3 | 55 | 0,09 |
1990er | 3 | 5 | 43 | 0,19 |
2000er | 3 | 13 | 71 | 0,23 |
2010er (2010–19) | 16 | 18 | 52 | 0,65 |
Wéi uewe mentionéiert gëtt, huet d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 36 Matcher gewonnen, hirer 16 bei offizielle Spiller an een an den Olympesche Spiller (Stand: Juni 2019). 16 Victoiren (~ 44%) waren ënner dem Trainer Luc Holtz.
Notten:
WMQ: Weltmeeschterschaftsqualifikatioun
EMQ: Europameeschterschaftsqualifikatioun
NL: UEFA Nations League
MHC: Marah Halim Cup
Oly: Olympia
FrS: Frëndschaftsspill
(Stand : Juni 2019)
# | Spiller | Matcher | Period |
---|---|---|---|
1. | Mario Mutsch | 102 | 2005–19 |
2. | Daniel Da Mota Alves | 101 | 2007–2021 |
3. | Jeff Strasser | 98 | 1993–2010 |
4. | René Peters | 93 | 2000–2013 |
5. | Jonathan Joubert | 90 | 2006–2017 |
6. | Eric Hoffmann | 89 | 2002–2014 |
7. | Carlo Weis | 87 | 1978–1998 |
8. | François Konter | 77 | 1955–1969 |
9. | Aurélien Joachim | 76 | 2005–19? |
10. | Roby Langers | 73 | 1980–1998 |
Ben Payal | 73 | 2006–2016 |
Notten:
fettgedréckt: nach en Nationaleqippespiller
(Stand : 25. September 2022)
# | Spiller | Goler | Period |
---|---|---|---|
1. | Léon Mart | 16 | 1933–1945 |
2. | Gusty Kemp | 15 | 1938–1945 |
Gerson Rodrigues | 15 | 2017– | |
Aurélien Joachim | 15 | 2005–2013 | |
Nicolas Kettel | 15 | 1946–1959 | |
3. | Camille Libar | 13 | 1938–1947 |
4. | Menn Müller | 12 | 1949–1954 |
5. | Léon Letsch | 11 | 1947–1963 |
6. | Gilbert Dussier | 9 | 1971–1978 |
Danel Sinani | 9 | 2017– | |
8. | Nico Braun | 8 | 1970–1980 |
Johny Léonard | 8 | 1962–1970 | |
Roby Langers | 8 | 1980–1998 | |
Camille Dimmer | 8 | 1957–1967 | |
9. | Jeff Strasser | 7 | 1993–2010 |
Louis Pilot | 7 | 1959–1977 | |
Daniel Da Mota Alves | 7 | 2007–2021 |
Notten:
fettgedréckt: nach en Nationaleqippespiller
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
(Stand : bis zum Enn 2019)
Datum an Zäit | Turnéier | Match | Resultat | Plaz |
---|---|---|---|---|
22. Mäerz, 20:45 (CET) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Litauen | 2:1 | Lëtzebuerger Haaptstad |
25. Mäerz, 20:45 (CET) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Ukrain | 1:2 | Lëtzebuerger Haaptstad |
, 20:00 (CEST) 2. Juni | FrS | Lëtzebuerg vs. Madagaskar | 3:3 | Lëtzebuerger Haaptstad |
, 20:45 (CEST) 7. Juni | EMQ | Litauen vs. Lëtzebuerg | 1:1 | Vilnius (Litauen) |
10. Juni, 20:45 (CEST) | EMQ | Ukrain vs. Lëtzebuerg | 1:0 | Lwiw (Ukrain) |
, 19:45 (CEST) 5. September | FrS | Nordirland vs. Lëtzebuerg | 1:0 | Belfast (UK) |
10. September, 20:45 (CEST) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Serbien | 1:3 | Lëtzebuerger Haaptstad |
11. Oktober, 20:45 (CEST) | EMQ | Portugal vs. Lëtzebuerg | Lissabon (Portugal) | |
15. Oktober, TBD (CEST) | FrS | Dänemark vs. Lëtzebuerg | (Dänemark) | |
14. November, 20:45 (CET) | EMQ | Serbien vs. Lëtzebuerg | onbekannt | |
17. November, 15:00 (CET) | EMQ | Lëtzebuerg vs. Portugal | onbekannt |
Commons: Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.