De Gilbert Dussier, gebuer den 23.
Dezember">23. Dezember 1949 zu Oïcha-Beri (Demokratesch Republik Kongo) a gestuerwen den 3. Januar 1979, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gilbert Dussier | |
---|---|
Gebuer | 23. Dezember 1949 Demokratesch Republik Kongo |
Gestuerwen | 3. Januar 1979 |
Doudesursaach | Leukemie |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 178 Zentimeter |
Veräin/Ekipp | Jeunesse Esch, Red Boys Déifferdeng, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, FC Déifferdeng 03 |
Tëscht dem 24. Februar 1971 an dem 7. Oktober 1978 huet de Gilbert Dussier 39-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 9 Goler geschoss.
Hien huet vun 1967 bis 1974 fir den FA Red Boys Déifferdeng gespillt an duerno war hien d'éischt eng Saison bei Röchling Völklingen ier hien 1975 bei den AS Nancy Lorraine gewiesselt ass wou hie bis 1977 bliwwen ass. An der Saison 1977/78 war hie beim Lille Olympique SC. An der Saison 1978/79 huet hien nach 3 Matcher fir Waterschei THOR Genk gespillt. Duerno huet eng Leukemie, un där hien am Alter vun 29 Joer gestuerwen ass.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gilbert Dussier, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.