De Pilo Fonck, gebuer als Paul René Alphonse Fonck den 22.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Abrëll">22. Abrëll 1938 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Sportsjournalist.
Pilo Fonck | |
---|---|
Gebuertsnumm | Paul René Alphonse Fonck |
Gebuer | 22. Abrëll 1938 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Reporter, Sportsjournalist, Auteur |
Tëscht 1959 an 1995 war de Pilo Fonck Sportreporter bei RTL, fir d'éischt um Radio a spéider och op der Tëlee. Zanterhier schreift hien ënner anerem fir den Télécran.
Am September 2009 gouf de Pilo Fonck vum Sportsminister Romain Schneider zum President vum Conseil supérieur des sports ernannt., Hie gouf an deem Gremium den Nofollger vum Affi Scherer.
Vum deem Mandat ass hien awer schonn no manner wéi engem Joer duerno zeréckgetrueden, aus Protest dogéint datt de selwechte Minister hien an de Gab Deibener aus dem Verwaltungsrot vun der Coque erausgehäit hat. De Minister huet seng Decisioun mat dem virgeschréckten Alter vum Pilo Fonck an dem Gab Deibener begrënnt. Dat huet de Pilo Fonck awer net sou einfach gëlle gelooss a seng Meenung dem Minister an engem oppene Bréif matgedeelt.
Säin Nofollger am Conseil supérieur des sports gouf dunn den Denis Scuto, dee bis dohi Vizepresident war.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pilo Fonck, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.