De Romain Schneider, gebuer de 15.
Abrëll">15. Abrëll 1962 zu Wolz, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a fréiere Foussballspiller. Hie war vum 5. Dezember 2018 bis de 5. Januar 2022 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider-Braz / Bettel-Kersch-Bausch.
Romain Schneider | |
---|---|
Gebuer | 15. Abrëll 1962 Wolz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
De Romain Schneider war vum 1. Januar 1994 bis Juli 2009 am Gemengerot vu Wolz an do vum 1. Januar 2000 u Buergermeeschter.
2004 gouf hien eng éischt Kéier am Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a bis ewell, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018, allkéiers erëmgewielt.
2009 huet hien op säi Buergermeeschtesch- a säin Deputéiertemandat verzicht, fir an der Regierung Juncker-Asselborn II, Landwirtschafts- a Sportminister, an Delegéierte Minister fir Solidarentwécklung ze ginn. 2013 gouf en zum Minister fir Sport, humanitär Hëllef a Sozialversécherung an der Regierung Bettel-Schneider ernannt.
An der Regierung Bettel-Schneider-Braz war hie vum 5. Dezember 2018 bis de 5. Januar 2022 Minister fir Landwirtschaft a Wäibau, a Minister fir Sozialverécherung. Den 29. November 2021 hat hie matgedeelt säi Ministeschmandat am Januar 2022 opzeginn a sech ganz aus der politescher Landschaft zeréckzezéien, fir no senger Gesondheet ze kucken.
De Romain Schneider war Foussballspiller an huet fir den FC Wolz 71 an der Nationaldivisioun gespillt. Hie war och Spiller a Spillertrainer beim FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps. Spéider war hie jorelaang President vum FC Wolz 71.
Commons: Romain Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Romain Schneider, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.