De Pol Tousch, gebuer den 29.
Oktober">29. Oktober 1937 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 1. November 2019, war e lëtzebuergeschen Enseignant, Auteur, Editeur a Filmregisseur.
Pol Tousch | |
---|---|
Gebuer | 29. Oktober 1937 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 1. November 2019 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Enseignant, Auteur, Editeur, Filmregisseur |
No sengem Studium am Kolléisch an duerno an der Normalschoul, war de Pol Tousch Schoulmeeschter zu Bärel.
Déi éischt Filmer, déi de Pol Tousch gemaach huet, waren Trickfilmer. Duerno huet hie mam Marc Thoma Spillfilmer gedréit, resp. um Dréibuch matgeschafft, wéi Der Tunnel, Du sollst nicht begehren, Emil (2010) an D'Engelcher vu Schëndels (2013).
Och Schallplacken huet hie produzéiert, wéi Bye, bye, Bicycle an den Evergreen Pillo Fonken, an deem de Guy van Hulle als Imitator vum Pilo Fonck e "politesche" Foussballmatch an d'Finall vum Roland Bombardella sengem 200-Meter-Laf zu Montreal (1976) "live" kommentéiert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pol Tousch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.