Apple Inc.
Hir bekanntst Produite sinn d'Macintosh-Computeren, de Medieplayer iPod, de Smartphone iPhone an den Tablet iPad. Zu hiren Onlinezerwisser zielen iCloud, den iTunes Store an den App Store. Beispiller vun Apple Konsumentesoftware sinn d'Betribssystemer Mac OS X an iOS, de Mediebrowser iTunes an de Webbrowser Safari. Apple geheiert och den iTunes Store, de weltwäit gréisste Museksdistributeur.
Apple Inc. | |
---|---|
Sëtz vun Apple Inc. a Kalifornien | |
Typ | Kapitalgesellschaft |
Grënnungsdatum | 1. Abrëll 1976 |
Sëtz | USA, Cupertino |
Leedung | Tim Cook (CEO) Arthur D. Levinson (Chairman) |
Mataarbechter | 137.000 (2019) |
Ëmsaz | 182,8 Mrd. USD (2014) |
Branche | Elektronik |
Produit | Hardware, Software |
Homepage | www.apple.com |
Apple gouf den 1. Abrëll 1976 vum Steve Jobs, Steve Wozniak a Ronald Wayne mam Zil gegrënnt, PCen z'entwéckele an ze verkafen. D'Entreprise gouf den 3. Januar 1977 als Apple Computer, Inc. incorporéiert. Den 9. Januar 2007 gouf den Numm an Apple Inc. ëmgeännert, fir de Wiessel op Elektronikproduite fir de grousse Public ze reflektéieren.
Apple ass no Samsung Electronics déi zweetgréisst Entreprise am Beräich vun der Informatiounstechnologie (no Revenu gemooss), an den drëttgréissten Handyproduzent. Am November 2014 ass Apple déi éischt US-amerikanesch Entreprise ginn, där hire Wäert 700 Milliarden US-Dollar iwwerschratt huet. 2014 hat Apple iwwer 72.000 Vollzäit-Employéen an e Joresakommes vun US$182 Milliarden.
Wéinst den Aarbechtskonditioune vun hiren Zouliwwerfirmen, a wéinst hire Geschäfts- an Ëmweltpraktike steet d'Firma reegelméisseg an der Kritik.
Commons: Apple Inc. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Apple Inc., which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.