Cfl 1600: Diesel-elektresch Lokomotiven

D'CFL -Lokomotiven aus der Serie 1600 sinn diesel-elektresch Lokomotiven.

CFL 1600
Cfl 1600: 1601, 1602, 1603
Nummeréierung: 1601-1604
Stéckzuel: 4
Constructeur: AFB
Baujoren: 1955
Ausmusterung: 1994
Achsformel: Co'Co'
Déngschtmass: 108 Tonnen(ouni Chaudière)
Längt iwwer Puffer: 18.850 mm
Héicht: 4.225 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitess: 120 km/h
Leeschtung: 1286 kW (1750 PS)

Nodeem déi belsch Staatsbunn SNCB 1954 nei Diesellokomotive bestallt hat, goufe bei der Ausliwwerung 1955 der véier dovun un d'CFL verkaaft. Déi Maschinne waren ageriicht fir eng Vitess vun 120 km an der Stonn. Se goufe vun der belscher Fabrick Anglo-Franco-Belge gebaut, déi vun der schweedescher Nydqvist och Holm eng Lizenz dofir kritt hat.

Déi véier Lokomotive kruten d'Nummere 1601 bis 1604 a ware wäirout (RAL 3005) a giel (RAL 1004) lackéiert.
1971 goufen déi kleng Nummeren an den alen CFL-Logo duerch méi groussgeschriwwen Nummeren an en neie Logo ersat.

1601

1984 war d'1601 déi éischt vun der Serie, déi ausgemustert gouf. 1989 gouf se, als eenzeg 1600er, verschrott.

1602

Nodeem d'1602 1994 ausgemustert gouf, huet Märklin se kaaft a se no enger Zäit un déi belsch PFT/TSP viruverkaaft. Si gouf an der Tëschenzäit an den SNCB Faarwe lackéiert a krut d'Nummer 202020, eng Nummer déi se eventuell 1955 als SNCB Maschinn kritt hätt. Et kann een driwwer diskutéieren, well d'1602 déi éischt Maschinn war, déi un d'CFL geliwwert gouf an d'Fabricksnummer 156 hat. D'5408 ex-202018 hat d'Fabricksnummer 155. Theoreetesch hätt also d'1602 missen d'202019 ginn.

1603

D'1603 ass no der Ausmusterung op der Vennbunn gefuer a gouf 2006 vun der PFT/TSP kaaft

1604

D'1604 ass zu Lëtzebuerg bliwwen, gouf an d'Rei gesat, a gehéiert dem Institut national pour le patrimoine architectural, dee se den 3. Mäerz 1989 als nationaalt Monument klasséiert huet.

Um Spaweck

Commons: CFL 1600 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Cfl 1600 1601Cfl 1600 1602Cfl 1600 1603Cfl 1600 1604Cfl 1600 Um SpaweckCfl 1600CFL

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Kierch NidderpallenErfurtKryosphärWäissrusslandLibramont-ChevignyStater TramFC Schëffleng 95AstronomieMichel WurthMister ScienceSerge TonnarMärta TorénRiselenAlgriicheschSaudiarabienWikimediaRené ArendKréiFractureJéineschSchlass KäerchDer Schatz vom ToplitzseeLëtzebuergesch Sportler vum JoerJean-Pierre KemmerJonas SavimbiIndienFurio CardoniLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng IechternachCorinne SteinbachPiper LaurieSabine BethmannAly KridelTunnel ënner der Stad Lëtzebuerg1936Michel LuciusStenia ZapalowskaGravitatiounSlowakeiSigmaPéil SchlechterLëscht vun de lëtzebuergesche VerdeedegungsministerenRiedelenMusek8. JuliCreative CommonsNeubrasilienBuchGaapsenAl Ginter.muNegertrickVerluerekaschtEuphemismusDäneschKietschtBouneschluppNeipuertsgaassWaliseschRéimervilla vu Giewel1988NigeriaLëscht vu lëtzebuergesche SportlerDänemarkJangliHaaptsäit/Artikel vun der Woch31. Mäerz1566🡆 More