D'Angela Dorothea Merkel, gebuere Kasner, gebuer de 17.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Juli">17. Juli 1954 zu Hamburg, ass eng däitsch Politikerin (CDU).
Angela Merkel | |
---|---|
Gebuertsnumm | Angela Dorothea Kasner |
Gebuer | 17. Juli 1954 Hamburg |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Leipzig, Akademie der Wissenschaften der DDR |
Aktivitéit | Politiker, Physiker |
Partei | CDU |
Famill | |
Kanner | keng |
Vum 22. November 2005 bis den 8. Dezember 2021 war si Bundeskanzlerin vun der Bundesrepublik Däitschland; se war déi éischt Fra an déi aacht Persoun an deem Amt. Déi éischt véier Joer war se an enger Koalitioun vun CDU-CSU an SPD, duerno, vun Oktober 2009 (no de Bundestagswale vum September 2009) bis de September 2013, mat der FDP, an duerno, bis den 8. Dezember 2021 an enger Grousser Koalitioun mat der SPD.
Si war vum 10. Abrëll 2000 bis Dezember 2018 Presidentin vun der CDU.
D'Angela Merkel ass an der DDR opgewuess an huet do als Physikerin am Zentralinstitut für Physikalische Chemie geschafft. Si ass zanter 1998 an engem zweete Bestietnes mam Joachim Sauer bestuet an huet keng Kanner. Si schwätzt fléissend Russesch an Englesch.
Commons: Angela Merkel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Angela Merkel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.