Joerhonnert | 21. Joerhonnert
◄◄ | ◄ | 2014 | 2015 | 2016 | 2017 | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | ►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2018.
D'Joer 2018 huet op engem Méindeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
Europa
Lëtzebuerg
Afrika
Amerika
Nordamerika
Mëttel- a Südamerika
Asien
Ozeanien
Arabesch Welt an Noen Osten
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Kino
Lëtzebuerg
Ekonomie
- 17. Juli: Ënnerschrëft vun engem Fräihandelsaccord tëscht der EU a Japan; e gëtt den 12. Dezember 2018 vum Europäesche Parlament guttgeheescht an trëtt den 1. Februar 2019 provisoresch a Kraaft.
Wëssenschaft an Technik
Sport
- 09. Februar: Zu Pyeongchang fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- 22. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Ta'-Qali-Nationalstadion an engem Frëndschaftsmatch 0:1 géint Malta. Den Daniel da Mota huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.
- 27. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stater Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 0:4 géint Éisträich.
- 13. Mee: Den F91 Diddeleng gewënnt d'BGL Ligue.
- 31. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:0 géint de Senegal.
- 5. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stater Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Georgien. Den Aurélien Joachim huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.
- 14. Juni—15. Juli: FIFA-Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 vun de Männer a Russland; déi franséisch Foussballnationalekipp gewënnt an der Finall am Lujniki-Stadion zu Moskau 4:2 géint déi kroatesch.
- 7.-29. Juli: De Britt Geraint Thomas gewënnt den Tour de France 2018.
- 14. a 15. Juli: D'Angelique Kerber an den Novak Djokovic gewannen d'Tennisturnéier zu Wimbledon am Eenzel fir Dammen, resp. Hären.
- 8. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an engem UEFA-Nations-League-Match 4:0 géint Moldawien. De Kevin Malget, den Olivier "Oli" Thill, den Danel Sinani an de Christopher Martins Pereira hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss. Zanter 1948 ass et déi héchst Victoire vu Lëtzebuerg am Foussball.
- 11. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am San-Marino-Stadium zu Serravalle an engem UEFA-Nations-League-Match 0:3 géint San Marino. De Maxime Chanot, den Aurélien Joachim an den Danel Sinani hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss. Et war och den 100. Match vum Mario Mutsch am Kader vun der Lëtzebuerger Ekipp.
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Baryssau-Arena-Stadion (Baryssau, BLR) an engem UEFA-Nations-League-Match 1:0 géint Wäissrussland.
- 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an der Stad an engem UEFA-Nations-League-Match 3:0 géint San Marino. Den David Turpel, den Danel Sinani, an de Vincent Thill hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Josy-Barthel-Stadion an engem UEFA-Nations-League-Match 0:2 géint Wäissrussland.
- 18. November: D'Foussballnationalekipp vu Lëtzebuerg spillt zu Chişinău an engem UEFA-Nations-League-Match 1:1 géint déi moldawesch Nationalekipp. De Stefano Bensi huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.
Gebuer
Gestuerwen
- 04. Januar: Aharon Appelfeld, israeelesche Schrëftsteller.
- 05. Januar: John Watts Young, US-amerikaneschen Astronaut.
- 07. Januar: France Gall, franséisch Sängerin.
- 07. Januar: Peter Sutherland, iresche Politiker.
- 15. Januar: Dolores O'Riordan, iresch Sängerin.
- 16. Januar: Bradford Dillman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Januar: Dorothy Malone, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 20. Januar: Paul Bocuse, franséische Kach.
- 21. Januar: Yves Afonso, franséische Schauspiller.
- 23. Januar: Hugh Masekela, südafrikaneschen Jazzmuseker.
- 27. Januar: Niki Bettendorf, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. Januar: Ingvar Kamprad, schweedeschen Ingenieur.
- 28. Januar: Coco Schumann, däitschen Jazzmuseker a Gittarist.
- 28. Januar: Gene Sharp, US-amerikanesche Politolog.
- 01. Februar: Dennis Edwards, amerikanesche Sänger.
- 02. Februar: Roby Stahl, Lëtzebuerger Politiker.
- 03. Februar: Rolf Zacher, däitsche Schauspiller an Entertainer.
- 06. Februar: Donald Lynden-Bell, britteschen Astronom an Astrophysiker.
- 07. Februar: Johny Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 09. Februar: Reg E. Cathey, US-amerikanesche Schauspiller.
- 13. Februar: Prënz Henrik vun Dänemark.
- 14. Februar: Ruud Lubbers, hollännesche Politiker.
- 14. Februar: Morgan Tsvangirai, simbabwesche Politiker.
- 15. Februar: Carlo Meintz, lëtzebuergesche Politiker an Enseignant.
- 17. Februar: Nicolas Anzia, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 18. Februar: Raymond Frisch, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 18. Februar: Didier Lockwood, franséischen Jazz-Violonist.
- 23. Februar: Lewis Gilbert, englesche Filmregisseur.
- 01. Mäerz: Robert Goniva, lëtzebuergesche Buergermeeschter.
- 09. Mäerz: René Pascucci, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Mäerz: Hubert de Givenchy, franséische Couturier.
- 10. Mäerz: Armand Huberty, lëtzebuergeschen Turner.
- 10. Mäerz: Paolo Nuzzi, italieenesche Filmregisseur.
- 11. Mäerz: Karl Lehmann, däitsche Geeschtlechen.
- 11. Mäerz: Siegfried Rauch, däitsche Schauspiller.
- 11. Mäerz: Ken Dodd, britteschen Entertainer.
- 14. Mäerz: Stephen Hawking, britteschen Astrophysiker.
- 17. Mäerz: André Heiderscheid, lëtzebuergesche Geeschtlechen.
- 18. Mäerz: Jochen Senf, däitsche Schauspiller.
- 24. Mäerz: Lys Assia, Schwäizer Sängerin, déi éischt Gewënnerin vum Eurovision Song Contest am Joer 1956.
- 27. Mäerz: Stéphane Audran, franséisch Schauspillerin.
- 03. Abrëll: Lill-Babs, schweedesch Sängerin, Eurovision-Participantin.
- 05. Abrëll: Isao Takahata, japanesche Regisseur a Produzent.
- 12. Abrëll: Heinrich Brändli, Schwäizer Ingenieur an Universitéitsprofesser
- 13. Abrëll: Miloš Forman, amerikanesche Regisseur.
- 15. Abrëll: Vittorio Taviani, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 17. Abrëll: Robert Gitzinger, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Abrëll: Avicii, schweedeschen DJ.
- 25. Abrëll: Michael Anderson, englesche Filmregisseur.
- 26. Abrëll: Gianfranco Parolini, italieenesche Filmregisseur.
- 28. Abrëll: Elga Sorbas, däitsch Schauspillerin.
- 07. Mee: Maurane, belsch Sängerin.
- 07. Mee: Ermanno Olmi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 13. Mee: Margot Kidder, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. Mee: Tom Wolfe, US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist.
- 16. Mee: Camille Gira Lëtzebuerger Politiker
- 17. Mee: Nicole Fontaine, franséisch Politikerin.
- 21. Mee: Anna Maria Ferrero, italieenesch Schauspillerin.
- 21. Mee: Clint Walker, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. Mee: Philip Roth, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 26. Mee: Serge Dassault, franséische Politiker an Industriellen.
- 26. Mee: Jules Meurisse, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Mee: Pierre Bellemare, franséischen Auteur an Televisiounsmoderateur.
- 03. Juni: Gilbert Trausch, lëtzebuergeschen Historiker.
- 11. Juni: Jean-Pierre Kunnert, lëtzebuergeschen Historiker.
- 25. Juni: Claude Bernard-Aubert, franséische Filmregisseur.
- 29. Juni: Liliane Montevecchi, franséisch Schauspillerin, Dänzerin a Sängerin.
- 02. Juli: Cornel Meder, lëtzebuergeschen Auteur, Archivist, Editeur.
- 03. Juli: Robby Müller, hollännesche Kameramann.
- 05. Juli: Claude Lanzmann, franséischen Dokumentarfilmregisseur an Editeur.
- 08. Juli: Tab Hunter, US-amerikanesche Schauspiller.
- 08. Juli: Carlo Vanzina, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Juli: Marie-Christine Faber, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 01. August: Mary Carlisle, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 03. August: Jos Hilger, lëtzebuergeschen Ekonomist
- 06. August: Joël Robuchon, franséische Kach a Gastronom.
- 11. August: V. S. Naipaul, brittesche Schrëftsteller.
- 13. August: Georges Hausemer, lëtzebuergesche Schrëftsteller an Iwwersetzer.
- 16. August: Aretha Franklin, US-amerikanesch Sängerin.
- 16. August: Atal Bihari Vajpayee, indesche Politiker.
- 18. August: Kofi Annan, 7. Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
- 21. August: Henri Blaise, lëtzebuergesche Journalist an Dichter.
- 21. August: Barbara Harris, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. August: Dieter Thomas Heck, däitschen Entertainer.
- 29. August: François Konter, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 06. September: Burt Reynolds, US-amerikanesche Schauspiller.
- 25. September: Jerry Thorpe, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 26. September: Norbert Konter, lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 30. September: Walter Laqueur, US-amerikaneschen Historiker.
- 01. Oktober: Charles Aznavour, armeenesch-franséische Chansonsänger.
- 01. Oktober: Graciano „Rocky“ Rocchigiani, däitsche Boxer.
- 03. Oktober: Leon M. Lederman, US-amerikanesche Physiker.
- 06. Oktober: Montserrat Caballé, spuenesch Operesängerin.
- 10. Oktober: Carlo Sunnen, lëtzebuergesche Philosoph an Auteur.
- 11. Oktober: Jean-Jacques Kariger, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Botaniker.
- 14. Oktober: Roger Quaino, lëtzebuergesche Varieté-Kënschtler.
- 19. Oktober: Osamu Shimomura, japanesche Biochemiker.
- 20. Oktober: Wim Kok, hollännesche Politiker.
- 24. Oktober: Tony Joe White, US-amerikanesche Gittarist a Sänger.
- 02. November: Roy Hargrove, US-amerikaneschen Jazz- a Funk-Trompettist.
- 03. November: Sondra Locke, US-amerikanesch Schauspillerin a Regisseurin.
- 07. November: Francis Lai, franséische Komponist.
- 12. November: Stan Lee, amerikanesche Comiczeechner a -redakter.
- 15. November: William Goldman, US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Schrëftsteller.
- 22. November: Marco Gaasch, lëtzebuergesche Bauer a Gewerkschaftler.
- 23. November: Nicolas Roeg, brittesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. November: Bernardo Bertolucci, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. November: Luc Deflo, belsche Thriller-Auteur.
- 26. November: Stephen Hillenburg, US-amerikanesche Mieresbiolog an Trickfilmregisseur.
- 30. November: George H. W. Bush, US-amerikanesche Politiker, 41. US-President.
- 01. Dezember: Maria Pacôme, franséisch Schauspillerin.
- 03. Dezember: Albert Frère, belsche Finanzinvestisseur a Milliardär.
- 06. Dezember: Joseph Joffo, franséische Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 12. Dezember: Raoul Clausse, lëtzebuergesche Professer a Politiker.
- 17. Dezember: Galt MacDermot, kanadesch-amerikanesche Komponist.
- 17. Dezember: Penny Marshall, US-amerikanesch Filmregisseurin, -produzentin a -schauspillerin.
- 28. Dezember: Amos Oz, israeelesche Schrëftsteller.
- 30. Dezember: Adolphe Muller, lëtzebuergesche Geolog an Universitéitsprofesser.
Um Spaweck
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 2018, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.