D'Bruttoinlandsprodukt (Ofkierzung: BIP oder och PIB vum franséische Produit intérieur brut) ass d'Zomm vun de Wäerter vun alle Produktiounsgidder an Déngschtleeschtungen, déi an Zäit vun engem Joer an engem Land hiergestallt a geleescht ginn.
Dobäi gi bei der Berechnung vum PIB nëmmen déi Produkter berücksichtegt, déi um Enn vun der Produktiounskette stinn. Domat gëtt verhënnert, datt s'an Tëscheschrëtt zweemol oder méi dacks gezielt kënne ginn.
Et ënnerscheet een tëschent dem Bruttoinlandsprodukt an dem Bruttoinlandsprodukt pro Kapp. Beim zweete gëtt den Total-PIB duerch d'Populatioun vum Land gedeelt. Sou léisst de PIB Réckschlëss iwwer d'Wirtschaftsmuecht vun engem Land zou, wärend de PIB pro Kapp op de Wuelstand schléisse léisst.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bruttoinlandsprodukt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.