Stralung

De Begrëff Stralung bezeechent an der Physik d'Ausbreede vun Deelercher oder Wellen.

Am éischte Fall schwätzt ee vu Korpuskularstralung oder Deelchestralung, am zweete vu Wellestralung.

No haitege Kenntnesser huet all Stralung Deelecher- wéi och Welleneegeschaften (kuckt ënnen).

Begrëffsklärung

Trotz dem allgemenge Begrëff Wellenausbreedung ginn am Allgemenge mechanesch Wellen – wéi z. B. de Schall – net als Stralung bezeechent, obwuel sech d'Gesetzméissegkeete gläichen.

Stralen, d'Méizuelform vu Stral, gëtt heiansdo gläichbedeitend mat dem Begrëff Stralung gebraucht, och an Zesummesetzunge wéi z. B.: „Alphastralen“ oder „Röntgenstralen“. Eng Eenzuel wéi z. B. „Röntgenstral“ bezeichent dogéint bal ëmmer ee Stralebëndel. „Liichtstral“ kann allerdéngs béides, den idealiséierte linnefërmege Stral (kuckt Geometresch Optik) oder e Stralebëndel, bedeiten.

Grondlagen

Stralung huet eng Richtung an transportéiert ëmmer Energie an Impulser. Wa Stralungsdeelercher Mass, Ladung oder aner Eegenschaften hunn, ginn och déi transportéiert. Allerdéngs kënnen z. B. zwéi Kierper mat der selwechter Temperatur jiddwerengem déi selwecht Energie pro Zäiteenheet zoustralen, soudatt „netto“ keen Transport gemaach gëtt (Stralungsgläichgewiicht).

Trëfft d'Stralung op eng Barriär, gëtt si entweeder absorbéiert (ëmgewandelt), onbeaflosst transmittéiert (duerchgelooss), gestreet oder reflektéiert (zeréckgeworf) – et schwätzt een och vu Remissioun.

Déi historesch Debatt, ob Liichtstralen aus Deelercher oder Welle bestinn, gouf an der Quantentheorie domat beäntwert, datt ee Liichtstral aus Photonen besteet, wou den Openthaltsuert am Kader vun der Quantemechanik duerch eng Warscheinlechskeetswell beschriwwe gëtt. Déi Warscheinlechkeetswelle kënne mateneen interferéieren (kuckt Duebelspléckexperiment). Louis de Broglie huet a senger Theorie vun de Materiewelle gewisen, datt jiddwer Deelchen enger Wellelängt zougerechent ka ginn. Dat erkläert, firwat zum Beispiel een Elektronestral och Interferenzphenomeener weist. (Kuckt och Wellen-Deelchen-Dualismus.)

Et schwätzt een am Fall vu sech stralenarteg ausbreedender Matière éischter vun engem Deelchen- oder Matière-Floss. Am mënschlechen Ëmfeld (Längten 1 cm – 1 m) verhale sech Wellen (och Matièrewellen) mat Wellelängten uewerhalf vun zirka 1 m änlech wéi reng Wellen, woufir hei gär de Begrëff „Well“ gebraucht gëtt. Den Unhang „-stralung“ gëtt bei kuerze Wellelängten ugetraff.

Aarte vu Stralen no Energie oder Deelchenaart

  • Elektromagnetesch Stralung
    • Wäermtstralung
    • Radiowellen
    • Mikrowellen
    • Terahertzstralung
    • Infrarout
    • Siichtbart Liicht
    • Ultraviolett
    • Röntgenstralung
    • Gammastralung (γ-Stralung)
  • Deelchen- oder Korpuskular-Stralung
    • Elektronestralung (β-Stralung)
    • Neutronestralung
    • Ionestralung
      • Alphastralung (α-Stralung)
    • Kosmesch Stralung
  • Gravitatiounswellen

Aarten vu Stralen no Genesis oder Wierkung

  • Liicht
  • Bremsstralung
    • Röntgenstralung
  • Lenard-Stralung
  • Ionestralung
  • Stralung déi vu radioaktive Stoffer ausgeet; ëmgangssproochlech als radioaktiv Stralung bezeechent
    • Alphastralen
    • Betastralen
    • Gammastralen
  • Ioniséierend Stralung – all Stralung, déi Atomen sou vill Energie zouféiere kann, datt Elektronen an en ongebonnenen Zoustand iwwerginn
  • Hawking-Stralung
  • Stralung tëscht Himmelskierper

Änlech Theemen

  • Polarisatioun – d'Ausriichte vun Transversalwellen oder -stralen.
  • Laser
  • Mat der Wierkung vu Stralung, beispillsweis Radioaktivitéit op Mënschen an aner Liewewiese befaasse sech Stralebiologie, Straleschutz a Stralerisiko.
  • Straleresistenz - Widderstandsfähegkeet vu Materialien a Baudeeler géint Stralung
  • Dosimeter - ee Stralungsmiessapparat.

Tags:

Stralung BegrëffsklärungStralung GrondlagenStralung Aarte vu Stralen no Energie oder DeelchenaartStralung Aarten vu Stralen no Genesis oder WierkungStralung Änlech TheemenStralungPhysik

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

18Mammerent1170Lëtzebuerger Kantonen2014Emile GretschCaroline MartCOVID-19-Pandemie zu LëtzebuergHamoirSophie MouselLouis XIII. vu FrankräichAmedeo ModiglianiJames StewartBulgarienBaku4401935OmanLe jeu des sept erreursLuxembourg Basketball League11Maria Teresa MestreCarlo HemmerNathalie Thilllocal area network1869JapaneschFausti19211844Los AngelesJohn Ernest DoliboisLëscht vun de Lëtzebuerger Paren1947BlogLouEssen (Nordrhein-Westfalen)Frank HippertJangliJean GiraudJoseph LeydenbachAnouk Wagener28Paul Kayser1UCocktailRusty BoysJean vu LëtzebuergDonneschdeg89Tun TonnarRobert Louis StevensonKouertLinuxClinique Saint-JosephYJustin GlodenBrauereien zu LëtzebuergLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-diten1933Januar1960MannifaltBiereng (Diddeleng)Charles GoerensRenert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst🡆 More