D'Wuert Teleskop staamt aus dem algriicheschen τηλε (téle) „wäit“ an σκοπεῖν (skopéin) „observéieren“.
Et bezeechent am Allgemengen Instrumenter, déi Elektromagnetesch Welle sammelen a bëndelen, fir och Objeten, déi wäit ewech leien, z'observéieren oder vergréissert ofbilden ze kënnen. De Begrëff "Teleskop" geet also iwwer déi optesch Astronomie (siichtbart Liicht, UV an Infrarout) eraus bis zum Beräich vu Röntgen- a. Radiostralung.
D'Teleskop soll 1608 vum Hans Lippershey entwéckelt gi sinn, nach ier de Galileo Galilei et e Joer méi spéit fir Stärenobservatioun gebraucht huet.
Nom Peter Borell sollen awer de Zacharias Janssen a säi Papp déi richteg Erfinder vum Teleskop sinn (1610) an den Hans Lipperhey eréischt duerno en Teleskop gebaut hunn, nodeem hie Kenntnes vun der Janssen-Erfindung kritt hat.
De Begrëff "Teleskop" gëtt dacks weider verallgemengert op net-ofbildend Systemer wéi
Weider gëtt den Teleskopbegrëff och fir optesch Baugruppe gebraucht, déi net dozou déngen, Géigestänn, déi wäit ewech sinn, z'observéieren. En Teleskop kann z. B. fir d'Vergréissere vum Stralenduerchmiesser vu Laserstrale gebraucht ginn, fir de Stral iwwer grouss Distanzen iwwerdroen ze kënnen oder deem seng Leeschtungsflossdicht ze verklengeren.
Jee no dem Frequenzspektrum oder Wellelängteberäich vun der elektromagnéitescher Stralung ënnerscheet een tëscht:
Vun de Weltraumteleskopen ofgesinn, si s'op d'Wellelängte vun der astronomescher Fënster ugewisen, an deenen d'Stralung vun der Atmosphär vun der Äerd net oder wéineg absorbéiert gëtt. Eng méiglechst klimatesch dréche Plaz déi héich läit ass dobäi vu Virdeel.
Déi zurzäit gréisst optesch Teleskope mat Haaptspigelduerchmiesser iwwer 8 m sinn
Historesch bedeitend war ënner anerem:
Commons: Teleskopen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Teleskop, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.