De Galileo Galilei, gebuer de 15.
Februar 1564 zu Pisa, a gestuerwen den 8. Januar 1642 zu Arcetri bei Florenz, war en italieenesche Mathematiker, Physiker an Astronom a Grënner vun der mathematescher Naturwëssenschaft.
Galileo Galilei | |
---|---|
Gebuertsnumm | Galileo di Vincenzo Bonaiuti de' Galilei |
Gebuer | 15. Februar 1564 jul. Pisa |
Gestuerwen | 8. Januar 1642 Arcetri |
Educatioun | Universitéit vu Pisa |
Aktivitéit | Astronom, Philosoph, Mathematiker, Physiker, Erfinder, Astrolog, Polymath, Universitéitsprofesser, Wëssenschaftler, Ingenieur, Philosoph |
Member vun | Accademia della Crusca, Accademia Nazionale dei Lincei |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Marina Gamba |
Papp | Vincenzo Galilei |
Mamm | Giulia Ammannati |
Geschwëster | Michelangelo Galilei |
Kanner | Vincenzo Gamba, Virginia Galilei |
Mat sengen Theorien huet en zum Deel dem Aristoteles seng Aarbechte widderluecht. Hie war ee vun den éischten, déi astronomesch Observatioune mat engem Teleskop gemaach hunn.
Hie war en Unhänger vum Nikolaus Kopernikus. Zu senge Beobachtungen a Berechnungen zielen:
1564: De Galilei kënnt de 15. Februar zu Pisa op d'Welt; säi Papp, de Vincenzo Galilei, ass Museker a Musektheoretiker.
1580 – 1585: Hie war Student vun der Philosophie a Medezin an der Universitéit vu Pisa, déi hien ouni Ofschloss verléisst. Hien huet sech der Mathematik zougewannt, an de Léiere vum Archimedes.
1589 - 1592: Hie gouf Lektor fir Mathematik zu Pisa a schrouf säin éischt Wierk: De motu (Iwwer d'Beweegung).
1592 – 1610: Hie gouf Professer fir Mathematik zu Padua.
Commons: Galileo Galilei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Galileo Galilei, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.