Den Nico Reisdorff, gebuer de 16.
Oktober 1958 war an der sougenannter Waldbëlleger Affär ee vun den Haaptschëllegen.
Nico Reisdorff | |
---|---|
Gebuer | 16. Oktober 1958 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Hie gouf den 8. Mee 1989 grad sou wéi déi aner Haaptschëlleg Bernardy, Hertert a Fett zu liewenslaangem Prisong verurteelt, wéinst Muerd a Bäihëllef zum Muerd an aner Delikter. Zu Schraasseg souz de Reisdorff 39 Méint an enger Isolatiounszell, wat Amnesty International dozou bruecht huet, fir 1992 de Justizminister unzeschreiwen, datt déi Zoustänn géint d'Mënscherechtscharta verstoussen.
Hien huet am Prisong eng Léier fir Buchbënner gemaach.
Zanterhier schreift de Reisdorff seng Autobiographie, eng Liewensbeicht an där hien op e Liewen zeréckkuckt, dat vu Giwenech bis an de Schraasseger Prisong gefouert huet.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nico Reisdorff, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.