Rotterdam ass no Amsterdam déi zweetgréisst Stad vun Holland an huet verkéierstechnesch eng ganz grouss Bedeitung, doduerch datt se de gréissten Hafe vun Europa (drëttgréisste vun der Welt, no Shanghai a Singapur) huet.
D'Stad selwer huet ronn 600.000 Awunner, D'Gemeng rond 664.000 Awunner (2023), an der Metropolregioun wunnen der awer ongeféier 1,2 Milliounen (2006). An der Moyenne läit d'Stad zwéi Meter ënner dem Mieresspigel.
Rotterdam | |
---|---|
Land | Holland |
Provënz | Südholland |
Awunner | 664.311 (1. Januar 2023) |
Fläch | 319,35 km² |
Koordinaten | 51°55'12"N, 4°28'48"O |
Telefonszon | 010 |
Postcode | 3000–3089 |
Websäit | https://www.rotterdam.nl/ |
Nieft Amsterdam an Den Haag ass Rotterdam e kulturellen Zentrum vun Holland. Rotterdam huet eng Universitéit, verschidde Fachhéichschoulen, eng Musekshéichschoul an eng Konschtakademie. Et ass d'féierend Industrie- an Handelsstad vun Holland. Besonnesch opfälleg ass d'Wollekekrazertsilhouette vu Rotterdam, déi sech an de leschten zwanzeg Joren entwéckelt huet.
Rotterdam läit an der Provënz Südholland. D'Stad gehéiert zum Ballungsraum Randstad, an ass zum gréissten Deel duerch Däicher geschützt.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Rotterdamm gouf 1940 beim Bombardement vun der däitscher Wehrmacht zu groussen Deeler zerstéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bombardement vu Rotterdam.
Commons: Rotterdam – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Rotterdam, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.