24. Mäerz: Den Äerzbëschof vun San Salvador, Oscar Arnulfo Romero gouf wärend enger Mass erschoss.
Asien
17.–18. Mee: Manifestatioune géint den neie Regime a Südkorea ginn zu Gwangju brutal niddergeschloen; 207 Mënsche si gestuerwen, ronn 1000 schwéier blesséiert ginn.
25. Januar: De Walter Röhrl gewënnt d'Rallye vu Monte Carlo op engem Fiat Abarth 131.
19. Juli: Zu Moskau fänken d'Olympesch Summerspiller un; si ginn duerch vill westlech Länner wéinst dem sowjeteschen Amarsch an Afghanistan boykottéiert. Déi lëtzebuergesch Delegatioun boykottéiert de Boykott a fiert mat 3 Sportler dohin.
26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:1 géint Uruguay.
01. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 1:0 géint Thailand. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Clemens geschoss.
09. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 3:2 géint Südkorea. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jeannot Reiter (2) a Marcel Di Domenico geschoss.
11. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:1 géint Japan.
13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:2 géint Birma.
14. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:3 géint Südkorea.
10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:5 géint Jugoslawien.
04. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint d'USA.
11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:2 géint Italien.
19. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:4 géint Dänemark.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1980, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.