Architektur

Architektur bezeechent d'Baukonscht, also am wäiteste Sënn d'Ausernanersetzung vum Mënsch mam gebaute Raum: d'Entwerfen, d'Gestalten an d'Konstruktioun vu Bauwierker, dacks mam Wëlle klassesch oder nei esthetesch Konzepter ëmzesetzen, oder sozial Komponenten oder Ëmweltaspekter an d'Fonctioun vum Bauwierk z'integréieren.

Architektur
De St. Galler Klouschterplang ass eng faméis mëttelalterlech Architekturzeechnung

Architektur ka sech op all Zort Bauwierk bezéien, vu Wunnhaiser iwwer Bürosgebaier, reliéiser a militärescher, wëssenschaftlecher a musealer, industrieller an dekorativer.

Fréier gouf et dozou nach keng genee Trennlinn tëscht Kënschtler, Architekt an Ingenieur, an d'Bezeechnung huet dacks méi vu regionale Preferenzen ofgehaangen. Och e Kënschtler konnt viraals z. B. Brécken entwerfen, well den néidegen Niveau vu strukturelle Berechnungen nach am Capacitéitsberäich vum Generalist louch.

Etymologie

D'Wuert Architektur ass zusummegesat aus dem griich. αρχη [arché] - "Ufank, Ursprong, Grondlag, dat Éischt" an τεχνη [techné] - "Konscht, Handwierk", wat wiertlech mat Éischtem Handwierk oder Éischt Konscht z'iwwersetze wier, respektiv kënnt et vun αρχι- [archi-] - "Haapt-" an τέκτων [tékton] - "Baumeeschter" oder "Zammermann", also Haaptbaumeeschter oder Chefhandwierker.

Dovun hiergeleet ass et och an d'Laténgescht agaangen, wou architectura fir "Baukonscht" stoung.

Begrëffsvarianten

Architektur war ëmmer d'Konscht vum Bauen, an dowéinst Deel vun de Beaux-arts. Wat nieft dësem zentralen Deel soss nach genee dozougehéiert, dat huet sech am Laf vun der Geschicht ëmmer erëm gewandelt, sou datt et eng Abberzuel Ënnervariante vun der Definitioun vum Begrëff gëtt, déi ëm verschidden Aufgaben, Contenuen a Bedeitungen zouschreiwen.

Sou hat z. B. am 20. Joerhonnert am Funktionalismus d'Gestaltung sech enk un der zweckméisseger Raumbildung z'orientéieren, wärend an der Rennaissance Architekten als Individuen ervirgetratt sinn, déi absënns am Barock nieft ornamentale Formen och nach Molerei a Skulptur mat an d'Architekur agebonnen hu fir e Gesamtkonschtwierk ze schafen.

Fotosalbum

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Architektur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Architektur EtymologieArchitektur BegrëffsvariantenArchitektur FotosalbumArchitektur Kuckt ochArchitektur Um SpaweckArchitekturEsthetik

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Roger LeinerRigel (Stär)HanfAthénée de LuxembourgGriichesch-orthodox Kierch Weiler zum TuerSpaceXSowjetuniounDieter BorscheJames II. vun EnglandLiberal Democrats (Vereenegt Kinnekräich)Tom BimmermannGregorianesche KalennerDänemarkArabeschWëlwerwolzPaul Thiltges1949Planetareschen NiwwelOoops! The Adventure ContinuesMäerteskierch vu JonglënsterConservatoire vun der Stad LëtzebuergCreative CommonsRaymond ClementAdolf RaderschallTildRené WirothPierre SeckEngleschJohn Davis ChandlerClaude RadouxLëscht vun de Lourdes-Grotten zu LëtzebuergGalaxisWikimediaDan SpogenUnited Instruments of LucilinAdobe PhotoshopJean NicolasKënschtlech IntelligenzJohn Ernest DoliboisRTL Télé LëtzebuergChrëschtlech-Sozial VolleksparteiHans SöhnkerAntoine Luja11. JuliBiochimieNic PaulyHenri-Jean-Népomucène CrantzDonkel MatièreHaaptstadLëtzebuerger ConstitutiounFechtenBarbara AuerNaoto KanRTL-DéckkäppAgnes WindeckNikolai Andrejewitsch Rimski-KorsakowTony NeumanAustrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher UniounBolivienAntonio StradivariChristopher Martins PereiraMoskauAustralienDetroitKanadaLëscht vun de Lëtzebuerger GemengenMarcus Tullius CiceroAnnett Renneberg🡆 More