D'Taina Bofferding, gebuer den 22.
November">22. November 1982, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (LSAP).
Taina Bofferding | |
---|---|
Gebuer | 22. November 1982 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée Hubert-Clément, Universitéit vun Tréier |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler, Erzéier |
Partei | LSAP |
Member vun | OGBL |
No 3 Joer Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht huet si eng Formatioun als Educatrice gemaach an duerno e Masterdiplom a Sozialwëssenschaften op der Universitéit vun Tréier.
Si huet bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 am Walbezierk Süde kandidéiert. Si gouf net direkt gewielt, ass dunn awer de 5. Dezember 2013 amplaz vun der Lydia Mutsch, déi Ministesch gouf, nogeréckelt. Bei de Chamberwale vum Oktober 2018 gouf si net erëmgewielt, gouf awer de 5. Dezember 2018 Inneministesch a Ministesch fir Chancëgläichheet an der Regierung Bettel-Schneider/Kersch-Braz/Bausch.
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si nees an d'Chamber gewielt, wou si Fraktiounspresidentin vun der LSAP ass.
Donieft war d'Taina Bofferding bis Enn 2018 Gemengeconseillère an der Gemeng Esch-Uelzecht, huet als Gewerkschaftssekretärin beim OGB-L geschafft a war Vizepresidentin vun der AHA.
Vum Mäerz 2014 bis Januar 2019 war si Vizepresidentin vun der LSAP..
Commons: Taina Bofferding – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Taina Bofferding, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.