Den Albert Goedert, gebuer als Albert Pierre Goedert den 30.
August">30. August 1913 zu Trënteng a gestuerwen den 1. Dezember 1982 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Lycéesdirekter.
Albert Goedert | |
---|---|
Gebuer | 30. August 1913 Trënteng |
Gestuerwen | 1. Dezember 1982 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Den Albert Goedert war virun allem bekannt duerch seng Grammaire pratique de la langue française déi aus dem Volume 1: Morphologie an dem Volume 2: Syntaxe bestanen huet. Déi Grammaire war joerzéngtelaang um offizielle Schoulprogramm.
Hie war Direkter vum Lycée Hubert-Clément. Ee vu senge Jongen ass de Jurist Henri Goedert.
Den 19. Dezember 1972 gouf hien, deen och mol fir d'LSAP am Escher Gemengerot souz, als Member vum Staatsrot nominéiert an ass bis zu sengem Doud an där Funktioun bliwwen.
Den Albert Goedert krut a senger laanger Karriär als Professer, Lycéesdirekter a Member vum Staatsrot nach aner Gielercher iwwerreecht.[Source?]
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Albert Goedert, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.