Kiew (rus.: Киев ) oder Kyjiw (uk: Київ ), ass d'Haaptstad vun der Ukrain an och vum Oblast Kiew.
Kiew / Kyjiw / Kyiv Киев / Київ | ||
---|---|---|
Land: | Ukrain | |
Verwaltungseenheet: | Oblast Kiew | |
Gegrënnt: | 5. Joerhonnert | |
Koordinaten: | 50° 27' 00" N 30° 30' 00" E | |
Fläch: | 847,66 | |
Awunner: | 2.964.448 (01.11.2020) | |
Héicht: | 179 m | |
Zäitzon: | UTC+2 | |
Buergermeeschter: | Vitali Klitschko |
Et ass déi gréisst Stad vun der Ukrain.
D'Alstad läit op den Hiwwelen iwwer dem Floss Dnepr an déi nei Staddeeler leien op béiden Uwänner vum Floss. Kiew zielt knapp 3 Milliounen Awunner a mat senger Agglomeratioun zesummen iwwer véier Milliounen. Wéinst hirer geschichtlecher a kultureller Roll gëtt se als Mamm vun alle russesche Stied a wéinst senge ville Kierchen a Kléischter als Jerusalem vum Oste bezeechent.
D'Schreifweis vun der Stad Kiew am kyrilleschen Alphabet ass op Ukrainesch „Київ“ an op Russesch „Киев“. Am Lëtzebuergeschen an am Däitschen hat sech d'Schreifweis "Kiew", als Resultat vun enger Transkriptioun vun der russescher Schreifweis an d'laténgescht Alphabet, duerchgesat.
Obwuel d'Ukrain, am Kader vun hirer Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun, den 1995 Numm op Kyiv geännert huet, hu sech däitsch Noriichtenagencen nach am Joer 2014 drop gëeenegt, weiderhin den Numm "Kiew" ze benotzen.
Mat Bezuch op de russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain uganks 2022, hunn eng Rëtsch Medien ugefaangen, déi däitsch / lëtzebuergesch Transkriptioun "Kyjiw" vun der ukrainescher Schreifweis ze benotzen.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Aus dem Zweete Weltkrich bleift Kiew besonnesch an Erënnerung wéinst dem Massaker vu ronn 35.000 Judden an der Griecht vu Babyn Jar.
Kiew ass e wirtschaftlechten Zentrum (Stolindustrie, Maschinnebau, Fligerbau, Chimiesindustrie, etc.), Unzéiungspunkt fir den Tourismus an nieft Lwiw an Odessa kulturelle Mëttelpunkt vum Land. Wéinst senge ville Kierchen a Kléischter a senger Bedeitung fir déi orthodox Chrëschte gëtt Kiew zanter dem Mëttelalter als „Jerusalem vum Osten“ bezeechent. Déi ukrainesch Haaptstad ass awer och fir Zuch- a Fluchlinnen eng vun de wichtegste Verkéiersdréischeiwe vun Osteuropa an huet en Hafen um Dnepr.
Commons: Kiew – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kiew, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.