Edmond Dune

Den Edmond Dune (eigentlech Edmond Hermann), gebuer zu Attem den 2.

Mäerz">2. Mäerz 1914, a gestuerwen zu Lëtzebuerg de 25. Januar 1988, war e lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller, Dramaturg, Poet, Essayist, Iwwersetzer, Zeechner a Moler.

Edmond Dune
Edmond Dune
Gebuer 2. Mäerz 1914
Attem
Gestuerwen 25. Januar 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dichter, Dramaturg, Dramatiker
Edmond Dune

Liewen

Säi Papp Paul Hermann war Lëtzebuerger a vu Beruff Metzler; seng Mamm Louise Wittamer war Belsch. Si ass un Tuberkulos gestuerwe wéi den Edmond 2 Joer hat.

Den Edmond Dune huet op engem reliéise Kolléisch zu Arel studéiert, a spéider Agronomie zu Léiwen an zu Nanzeg studéiert. 1935 entscheet hie sech fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit.

Nodeem et an Däitschland ëmmer méi kritesch gouf an den Zweete Weltkrich virun der Dier stoung, huet hie sech ënner dem Pseudonym Hugues Dardenne an d'Friemelegioun gemellt, an där hie vun 1938 bis 1943 déngt. 1943 wiesselt hien an d'Luxembourg Battery, an där en bis zum Enn vum Krich am Joer 1945 bleift. Hien huet un d'Feldzich vun Tunesien, vun der Normandie a vun Holland deelgeholl.

No der Liberatioun huet hien zwéi Méint als Journalist bei der Zeitung Meuse-Luxembourg geschafft. Duerno etabléiert hie sech zu Lëtzebuerg als Journalist bei Radio Lëtzebuerg an der Villa Louvigny, wou hie bis zu senger Pensioun am Joer 1979 bleift.

1947 hat hie sech mat der Margot Gengler bestuet, an zesummen hate si véier Diechter.

Wierk

Dem Edmond Dune seng Archive ginn zanter Mëtt Oktober 2010 am Nationale Literaturzentrum versuergt.

D'Gesamtwierk vum Edmond Dune a véier Bänn koum 2010 als Koproduktioun vum Nationale Literaturzentrum an den Éditions phi eraus.

Dem Edmond Dune seng Texter handelen ënner anerem vun der Kandheet, den Erënnerungen an der Natur.

Den Edmond Dune huet bei enger Rei vu literaresche Revueë matgeschafft: Le Journal des Poètes, Critique, Dire, Origine, Les Cahiers du Sud, Les Nouvelles Pages de la S.E.L.F., La tour aux Puces, La Part du Feu, L'avant–Poste, Les Cahiers luxembourgeois, Les Feuillets Libres, Marginales, Le Goeland, Soleil, La Quinzaine Littéraire, La Dryade, Estuaires, etc.

Säin Theaterstéck Les Taupes gouf 1957 zu Paräis vun der Compagnie Marcel Lupovici am Théâtre du vieux-colombier opgefouert an huet den Edmond Dune an der franséischer Haaptstad bekannt gemaach. Weider Theaterstécker goufen am Escher Theater produzéiert: Les Tigres 1966 ënner der Regie vum Tun Deutsch, Le Puits de Fuentès 1973 ënner der Regie vum Philippe Noesen.

Poesie

  • 1937: Poèmes Anthologie des écrivains luxembourgeois de langue française CL 1937/3,4
  • 1937: Poèmes CL 1937/6
  • 1938: Révélations. Le Goëland, Dinard.
  • 1946: Usage du temps. Lëtzebuerg.
  • 1948: 2 Poèmes en prose CL 1048/1,2,6,8,
  • 1948: Corps élémentaires. Nice.
  • 1949: La brouette, poème en prose CL 1949/6
  • 1950: Matière première. Nice.
  • 1950: Enfantines
  • 1956: Brouillard. Caractères, Paris.
  • 1958: Poèmes en prose CL1958/1,2,3,4
  • 1959: Rencontres du veilleur. La Tour de feu, Jarnac.
  • 1962: Douze Coplas. Vodaine, Basse-Yutz.
  • 1965: Jonchets. Vodaine, Basse-Yutz.
  • 1967: 24 poèmes pour coeur mal tempéré. Vodaine, Basse-Yutz.
  • 1969: Almanach. Lëtzebuerg.
  • 1971: Remarques. Vodaine, Basse Yutz.
  • 1973: Poèmes en prose. Sherbrooke.
  • 1974: Des rives de l'aube aux rivages du soir: Poèmes choisis: 1934-1972. Institut grand-ducal, Lëtzebuerg.
  • 1983: La roue et le moyeu. Gravure vum Roger Bertemes. Simoncini, Lëtzebuerg.
  • 1986: Multiples. Kollektivwierk. Centre d'action culturelle, Saint-Avold.
  • 1994: Trente coplas. Vodaine, Baslieux.
  • 2000: Honchets, 24 poèmes français. Vodaine, Baslieux.

Theater

  • 1955: Les Taupes. Drama a 4 Akten. Basse-Yutz.
  • 1956: Gloire à Rudois. Farce an engem Akt.
  • 1962: Le Tambourin et la guitare. Dramatesche Quatuor.
  • 1962: Le dernier Roi. Kaméidisstéck an engem Akt.
  • 1964: Agathe et Beaudéa. Stéck fir Marionnetten.
  • 1966: Les Tigres. Stéck a 4 Akten. Lëtzebuerg.
  • 1973: Le Puits de Fuentes. Stéck a 4 Akten. Lëtzebuerg.
  • 1982: Théâtre, oeuvres complètes tome 1. Institut grand-gucal, Lëtzebuerg.
  • 1983: Théâtre, oeuvres complètes tome 2. Institut grand-gucal, Lëtzebuerg.

Essaien

  • 1946: Jean, poète de France. CL 1946/10.
  • 1946: L'Anniversaire. CL 1946/9.
  • 1971: Remarques. Vodaine, Basse Yutz.
  • 1973: L'anneau de Moebius. Eaux-fortes vum Roger Bertemes, Lëtzebuerg.
  • 1984: À l'enseigne de Momus. Pensées et maximes. RTL Edition, Lëtzebuerg.
  • 1988: Les hasards de Paris. in CL 1988/1.

Prosa

  • 1989: Patchwork. Textes en prose. Éditions Phi, Iechternach.
  • Les hasards de Paris. Net publizéierte Roman.

Pensées a Maximen

  • 1984: A l'Enseigne de Momus
  • 1988: Extrait d'un carnet de poche CL 1949/7,8

Kollaboratiounen

  • 1952: Un poète témoin de la défaite allemande: Borchert. Critique n°59.
  • 1959: Joseph ROTH. Critique n°147-148.
  • 1951: Le test de Szondi. Critique n°45.
  • 1951: La graphologie. Critique n°48.
  • 195?: Schizophrénie et psychanalyse, Journal d'un schizophrène de SECHEHAYE. Critique n°49.
  • 1952: Les sciences psychologiques et la guerre, note1. Critique n°57.
  • 1953: Un poète matérialiste: Georg Büchner I. Critique n°73.
  • 1953: Un poète matérialiste: Georg Büchner II. Critique n°74.
  • 1954: Théâtre et Poésie. Critique n°90.
  • 1955: Paul Léautaud. Critique n°92.
  • 1955: Tchékhov et son théâtre. Critique n°98.
  • 1956: Monique Saint-Hélier ou le temps retrouvé. Critique n°109.
  • 1957: Caractères et Caractérologues. Critique n°116.
  • 1957: La poésie moderne dans l'Air du temps. Critique n°119.
  • 1958: Lenz et le Sturm und Drang. Critique n°128.
  • 1964: L'opéra fabuleux de Paul Klee. Critique n°201.
  • 1964: La place de Wallace Stevens dans la poésie américaine. Critique n°209.
  • 1965: La littérature allemande du baroque. Critique n°219-220.
  • 1967: Lichtenberg. Critique n°240.

Iwwersetzungen

  • 1958: Lune rouge ou gibier blanc. Chansons indiennes. Traduites de l'allemand. La Tour aux puces n°1, Basse-Yutz.
  • 1965: Poètes italiens d'aujourd'hui. Éd. bilingue. Armand Pfeiffer, Lëtzebuerg.
  • 1966: Novalis: Monologues. DIRE N.S. n°1, Basse-Yutz.
  • 1966: Martin Bruber: Le livre démoniaque. DIRE N.S. n°2, Basse-Yutz.
  • 1966: William Blake: Proverbes de l'enfer. DIRE N.S. n°2, Basse-Yutz.
  • 1966: Georg Trakl, Décadence Le sommeil. ORIGINE n°4.
  • 1967: Friedrich Hebbel: Aphorismes. ORIGINE n°V, Lëtzebuerg.
  • 1967: Walter von der Vogelweide: Sous les tilleuls. ORIGINE n°VI, Lëtzebuerg.
  • 1968: Georg Trakl: Métamorphose du mal. DIRE n°6, Basse-Yutz.
  • 1968: Annarosa Panaccione: L'œillet espagnol. Poème, traduit de l'italien. DIRE n°6, Basse-Yutz.
  • 1970: Poèmes en prose de Trakl.

Iwwersetzunge vu Wierker vum Edmond Dune

  • ?: Les taupes – Die Maulwürfe..
  • 1974: La mort de Kleist / La morte di Kleist. Traduction en italien de Luigi Mormino. Club 80, Lëtzebuerg.

Zitater

Den Edmond Dune iwwer de Begrëff vun der Heemecht:

« En-outre, il y a certainement en moi une attitude universaliste. Je pourrais vivre aussi bien en Chine ou en Terre de Feu sans me trouver dépaysé! Toutefois je ne peux nier ni renier les racines qui m'attachent au pays où je vis. Seulement je m'érige contre tout nationalisme d'où qu'il vienne. Mon ciel ne connaît pas de frontières. Il n'y flotte aucun drapeau. J'ai la faiblesse de croire qu'un jour encore lointain, tous les hommes de la terre penseront de la même façon. C'est peut-être une utopie, mais sans utopie, comment vivre? »

D'Rosemarie Kieffer iwwer de Poet Edmond Dune

« (c'est) un homme profondément exigeant qui hait la médiocrité, la pensée vague et la lâcheté, mais il aime avec une tendresse pudique la beauté, la grande beauté émouvante de l'existence et l'humble beauté de la vie quotidienne. »

Literaturpräisser

  • Prix de l'Avant-Poste (Belsch)
  • 1957 - Prix national de littérature française (Lëtzebuerg)
  • 1979 - Prix France-Luxembourg fir säi Gesamtwierk
  • 1987 - Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk

Nom Edmond Dune genannt

  • de Veräin Les amis d'Edmond Dune, deen den 1. Juli 2009 gegrënnt gouf;
  • Salle Edmond-Dune, de Sall Nr. A21 an der Abtei Neimënster;
  • eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg, am Quartier Rollengergronn: d'Rue Edmond-Dune;
  • De Festsall vum "CHNP" zu Ettelbréck gouf 1997 a Salle Edmond-Dune ëmbenannt;
  • De Park Dune zu Differdeng (2013)
  • De Park Dune zu Attem an der Belsch (2014)

Literatur

Eng kritesch Bibliographie ass op der Websäit vum Centre national de littérature ze fannen.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

Tags:

Edmond Dune LiewenEdmond Dune WierkEdmond Dune ZitaterEdmond Dune LiteraturpräisserEdmond Dune Nom genanntEdmond Dune LiteraturEdmond Dune Um SpaweckEdmond Dune191419882. Mäerz25. JanuarAthusJournalistLëtzebuerg (Land)Lëtzebuerg (Stad)Schrëftsteller

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Foussgängerbréck an der Avenue KennedyFernand MertensLaurent MosarHaidy JacobiHollandSoziologieJean-Pierre KemmerFelipe I. vu KastilienConférence générale de la jeunesse du LuxembourgGare LëtzebuergCheemesch FormelMoskauLiège-Bastogne-Liège 2024EgyptenBousAlex DonnersbachMontenegroLiz BrazEric FalcheroHaushongStroossbuergBenny QuickUEFALëscht vu lëtzebuergesche RockgruppenGréiwelsRodange19341989Josy BraunGaasperechCharles WeilerFatima-Kapell (Harel)SchengenBatty WeberZweete WeltkrichMinettsgéigendGemeng PéitengHoergänsHelsemAmalia vu Sachsen-Weimar-EisenachatucbSerge TonnarKinoApple Inc.Jeannot MetzlerCFL 3600ConcomberJean-Pierre KoenigBiwer a BiverArgentinienTschechesch RepublikInternationaalt Phoneetescht AlphabetBungerëffer Millen2007Senta BergerDüsseldorfGrenzerkierch Esch-Uelzecht2005Gemeng Stadbriedemes5. DezemberLëscht vun de Lëtzebuerger StiedPasserelle des ArtsBetribssystem18292002Jacques HillingMelusinaWikipediaLübeckBitcoin🡆 More