D'Gemeng Péiteng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen.
Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Péiteng vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Péiteng | |
---|---|
d'Stadhaus vu Péiteng (2015) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Pétange de: Petingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Chef-lieu | Péiteng |
Buergermeeschter | Jean-Marie Halsdorf (CSV) |
Awunner | 20.563 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.193 ha |
Héicht | 279 m |
Koordinaten | 49° 33’ 23’’ N 5° 52’ 37’’ O |
LAU-Code | LU0209 |
Websäit | https://www.petange.lu |
D'Gemeng Péiteng ass haut mat hire knapps 12 km² eng vun de flächeméisseg klengste Gemengen am Land. Mat 20.563 Awunner (1. Januar 2023) ass et awer awunnerméisseg déi fënneftgréisst.
Den Auslännerundeel louch 2010 bei 44,66 % .
D'Gemeng Péiteng läit am Dall vun der Kuer an ass ëmgi vun de Gemenge Käerjeng (fréier Nidderkäerjeng) an Déifferdeng lëtzebuergersäits, de Gemenge Longsduerf (fr: Longlaville) an Zounen (fr: Saulnes) op franséischer Säit an Éibeng (fr: Aubange) op der belscher Säit.
D'Gemeng Péiteng läit un de Linne 6 a 7 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Un de Stroosseverkéier ass d'Gemeng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N5, N5B, N5C, N5F, N31, den CR176 an den CR111.
Soss ass d'Gemeng nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE a verschidde Linne vum RGTR.
1601 gouf d'Grenz tëscht Loutrengen a Lëtzebuerg festgeluecht: Péiteng huet dunn zu Lëtzebuerg, Rodange a Rolleng zu Loutrengen a Bar gehéiert. Zanter 1795 besteet d'Gemeng Péiteng a senger haiteger Form (Péiteng, Rodange a Rolleng (fr. Lamadelaine). De Bevëlkerungszouwuess am 19. Joerhonnert ass geschitt, wéi op den Héichte ronderëm Péiteng d'Minett exploitéiert ginn ass, wéi d'Rodanger Schmelz entstanen ass, a wéi d'Eisebunn gebaut gouf.
1906 gouf eng Gas-Beliichtung an de Stroosse vun der Gemeng a Betrib geholl.
1912 gouf d'Gemeng un d'interkommunaalt Waassernetz an
1931 un d'elektrescht Stroumnetz ugeschloss.
Quell:STATEC
Beschreiwung am Originaltext: coupé; en chef d'azur à deux bars adossés d'or, cantonnés de quatre croisettes recroisettées au pied fiché du même; en pointe de gueules au lion d'or; à la fasce bretessée d'argent brochant sur la partition |
De Gemengerot vu Péiteng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 17 an zanter 2023 aus 19 Conseilleren zesummen.
Well op den 30. September 2022 méi ewéi 20.000 Leit an der Gemeng ugemellt waren, ass d'Zuel vun de Schäffen no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 vun dräi op véier eropgesat ginn.
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | ADR | CSV | DP | gréng | LSAP | Lénk | Kons. | PPLU |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 0 | 8 | 1 | - | 6 | - | - | - |
2005 | 0 | 7 | 1 | 1 | 6 | - | - | - |
2011 | 1 | 8 | 1 | 2 | 5 | - | - | - |
2017 | 0 | 8 | 1 | 2 | 4 | 0 | 0 | 2 |
2023 | 0 | 6 | 2 | 2 | 5 | 0 | 0 | 4 |
Quell: Inneministère / RTL.lu elections.lu
|
|
|
D'Gemeng Péiteng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Péiteng ass jumeléiert mat:
Commons: Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gemeng Péiteng, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.