D'Avenue John-F.-Kennedy ass eng Strooss um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg.
Et ass d'Haaptstrooss, déi, op knapps 4 km, vun der Rouder Bréck aus queesch iwwer de Plateau bis bei de Rond-point Serra geet, wou se Uschloss mat der Autobunn A1 huet. D'N51 féiert driwwer.
Numm | fr: Avenue John-F.-Kennedy |
---|---|
Längt | ca. 3.700 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Kierchbierg, Neiduerf/Weimeschhaff, |
Postcode | 1855 |
Koordinaten | 49° 37’ 34.5’’ N 06° 09’ 41.4’’ O |
Genannt no | John F. Kennedy |
D'Avenue Kennedy war ursprénglech als Autobunn gebaut ginn. Tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore gouf se zu engem Stadboulevard zeréckgebaut: Autobunnsop- an offaarten, souwéi Ënnerféierunge goufen ewechgemaach, normal Kräizunge mat Foussgängersträif goufen ugeluecht, asw. Bei dësem Ëmbau goufen och Vëlosweeër an en Tracé fir den Tram amenagéiert, deen do zanter dem Dezember 2017 fiert.
Hiren Numm krut s'als Erënnerung un den US-President John F. Kennedy.
Commons: Avenue John-F.-Kennedy (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Avenue John-F.-Kennedy (Stad Lëtzebuerg), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.