Irland: Inselstaat a Westeuropa

Irland (Iresch: Éire), och bekannt als Republik Irland (Poblacht na hÉireann), ass en europäesche Staat.

Irland: Geographie, Politik, Administrativ Ënnerdeelungen Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Staat Irland. Fir aner Begrëffer mam selwechten Numm, kuckt wgl. Irland (Homonymie).

E läit op der Insel Irland, am Atlantik, westlech vu Groussbritannien.

Ireland
Éire

Fändel vun Irland (Republik)

Wope vun Irland (Republik)

Detailer

Detailer
Irland: Geographie, Politik, Administrativ Ënnerdeelungen
Offiziell Sprooch: Iresch, Englesch
Haaptstad: Dublin
Staatsform: Republik
 • President: Michael D. Higgins
 • Taoiseach: Simon Harris
Fläch: 70.273 km² (120.)
 • Dovu Waasser: 2 %
Bevëlkerung: 4.757.976 (2016) (120.)
 • Bevëlkerungsdicht: 67,7/km²
Onofhängegkeet: 6. Dezember 1922 vu Groussbritannien akzeptéiert
Nationalhymn: "Amhrán na bhFiann"
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .ie
Internationalen
Telefonsprefix
:
+353
Irland: Geographie, Politik, Administrativ Ënnerdeelungen
Ladies View am Killarney Nationalpark an der Grofschaft Kerry

Geographie

Irland ass eng gréng Fielsinsel an dofir wuessen do net vill Beem a Bësch. Irland ass haaptsächlech vun Hecken, Gestrëpp an aneren niddrege Planze bewues, déi net vill Nierstoffer brauchen. Laanscht d'Südküst - wou de Golfstrom laanscht kënnt - wuesse kleng Palmen a verschidden aner verkrëppelt tropesch Planzen. An där Regioun sti mat déi meescht Beem, mä si wuesse kaum iwwer Maansgréisst eraus.

Op der Insel gëtt et vill Séien. Dee bekanntsten ass de Lough Neagh. De Floss Shannon ass mat 370 Kilometer dee längste Floss an Irland. Hien entspréngt am Norden tëscht den Uertschafte Belleek a Kesch aus dem Lough Erne (Erneséi) an e fléisst zu Limerick (Grofschaft Munster) an den Atlantik. Tëscht der Quell an der Mëndung leeft en duerch e sëllege kleng an e puer grouss Séien, ë. a. de Lough Ree an de Lough Derg.

Politik

Zu de gréisste politsche Parteien an Irland zielen: Fine Gael, Fianna Fáil, Sinn Féin, Socialist Party, People Before Profit Alliance, Anti-Austerity Alliance, Labour Party, Social Democrats, Workers and Unemployed Action Group a Green Party.

Administrativ Ënnerdeelungen

Provënzen:

  • Connacht
  • Leinster
  • Munster
  • Ulster

Countien:

  • Carlow
  • Cavan
  • Clare
  • Cork
  • Donegal
  • Dublin
  • Galway
  • Kerry
  • Kildare
  • Kilkenny
  • Laois
  • Leitrim
  • Limerick
  • Longford
  • Louth
  • Mayo
  • Meath
  • Monaghan
  • Offaly
  • Roscommon
  • Sligo
  • Tipperary
  • Waterford
  • Westmeath
  • Wexford
  • Wicklow

Ekonomie

D'iresch Wirtschaft huet sech zënter den 1980er vun enger haaptsächlech landwirtschaftlecher Ekonomie zu enger moderner Ekonomie entwéckelt, déi op héich technologesch Industrien an Zerwisser spezialiséiert ass. Mat deemools 11 anere Staaten huet Irland 2002 den Euro als offiziell Wärung agefouert. D'Land ass stark vun Auslänneschen Direktinvestitiounen ofhängeg an huet wéinst senger gutt forméierten Aarbechtskräft an niddrege Steieren op Entreprisë kënnen e puer multinational Gesellschaften unzéien.

Entreprise wéi Intel hunn an Irland an de spéiden 1980er investéiert; spéider sinn nach Microsoft a Google derbäikomm. Irland läit op Plaz 8 (2016) vun de wirtschaftlech fräiste Länner op der Welt vum (dem Index of Economic Freedom no).

2015 hat Irland no Lëtzebuerg den zweethéchste PIB pro Awunner an der EU (49.300 Euro per capita).

Relioun

D'Réimesch-Kathoulesch Kierch ass mat 91,6 % vertrueden, d'Church of Ireland mat 2,5 %, aner Glawensrichtunge kommen op 5,9 % (1998).

Um Spaweck

Commons: Irland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Irland GeographieIrland PolitikIrland Administrativ ËnnerdeelungenIrland EkonomieIrland ReliounIrland Um SpaweckIrlandAtlantikEuropa (Kontinent)Irland (Insel)Vereenegt Kinnekräich

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Banlieue.jm1989Norbert SinnerSchueberfouer11. AbrëllLëtzebuerger Sozialistesch AarbechterparteiLucien BarouxTschechesch RepublikCostantino il Grande (Film)2024PortugalEuropäesche Weltraumfuerschungs- an TechnologiezentrumLiz BrazPierre CaoLibanonVera Tschechowa2021Bisamrat23. JuliBonaventura CavalieriRepublik China (Taiwan)Physik2. AbrëllKlëppelkrichmonument um LampertsbiergHardware15. AugustFamill (Biologie)Blanche Weber1919WebbrowserIndien9. MeeVereenegt KinnekräichPopmusekAlgriicheschHollandBungerëffer MillenO. J. SimpsonNASAJoe BidenArabeschLycée technique pour professions de santéLëscht vun de Lëtzebuerger StiedÉcole nationale pour adultesEifeler Reegel1959Don Ameche11. Mäerz19093. AugustOrdre de la couronne de chêneNGC 142Jean HussNGC 86419631972Eise PappMarshallplangAlgerienMozilla FirefoxDario ArgentoLycée de garçons d'Esch-sur-AlzetteArno SchmidtPilo FonckMexikoInternationale Fraendag🡆 More