Ouschteren

Ouschteren (aus dem Laténgeschen pascha; dem Hebräeschen pessach) ass am Chrëschtentum dat wichtegst Fest am Joreslaf.

Ouschteren Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Op Ouschtere gëtt un d'Operstéiung vu Jesus Christus erënnert. Well et e Fest ass, dat kee festen Datum huet, gëtt et traditionell um éischte Sonndeg nom éischte Vollmound am Fréijoer gefeiert. Den Datum gëtt zanter dem 6. Joerhonnert mat Hëllef vun engem Moundzyklus berechent, dee 1582 (fir d'Kathoulesch Kierch) am Kader vun der Gregorianescher Kalennerreform erneiert gouf, soudatt schonn laang am viraus den Ouschterdatum bekannt ass.

Ouschteren
D'Operstoe vu Jesus Christus vum Albrecht Altdorfer

Bal all chrëschtlech Feierdeeg, déi kee festen Datum hunn, gi vum Ouschtersonndeg aus berechent. Sou feieren d'Chrëschten zum Beispill 39 Deeg no Ouschtersonndeg Christi Himmelfaart, 49 respektiv 50 Deeg duerno Péngschten a 60 Deeg no Ouschtersonndeg feiere verschidde Katholicken Erläichendag. Ouschtere läit also ëmmer tëscht dem 22. Mäerz an dem 25. Abrëll. Zënter dem Konzil vun Nicäa am Joer 325 no Christus gëtt dëst Fest all Joer gefeiert.

Urspronk

Nieft Chrëschtdag ass d'Ouschterfest ee vun de bedeitendste Feierdeeg a ville Länner vun der Welt. Ouschtere feieren d'Chrëschten d'Operstéiung Jesu vu sengem Doud um Kräiz, sou wéi dëst Evenement am Neien Testament beschriwwe gëtt. Urchrëchtlechem Glawe no ass dëst um 3. Dag no sengem Stierwe geschitt, woubäi den Dag vu sengem Muerd als "Doudesdag" gëllt. Eng Schilderung vun der Operstéiung gëtt et net, allerdéngs gëtt et awer Berichter an Erscheinunge vum Operstanenen, säin eidelt Graf an d'Verkënnegung vun engem Engel.

Den Numm "Ouschteren" kënnt warscheinlech aus dem ale Germaneschen an huet eppes mat der Himmelsrichtung "Osten" ze dinn. D'Sonn déi am Osten opgeet gëllt am Chrëschtentum als Symbol vun der Operstéiung respektiv d'Zeréckkomme vu Jesus Christus. De Gros vun den Ouschtertraditioune kommen aus heednesche Kulturen an hu e kelteschen oder e germaneschen Ursprong. De sougenannten "Ouschterhues" gëtt zum Schluss vum 17. Joerhonnert, am Joer 1682, fir d'éischt Kéier ernimmt. Et ass net ganz kloer, wat genee den Zesummenhank vum Ouschterhues mat Ouschteren ass, mä am Laf vun der Zäit hu sech den Ouschterhues a seng Ouschtereeër zum Symbol vun Ouschteren entwéckelt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ouschteren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

6. JoerhonnertChrëschtentumDatumGregorianesche KalennerJesus vun NazaretKathoulesch KierchOperstéiung

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

John Phillip LawAsymmetric Digital Subscriber LineLuc FriedenHaaptsäit/WDSLycée technique pour professions de santéPit Schlechter (Auteur)HollandBostonSt. Stephans BasilikaWilleke van AmmelrooyBaltescht MierOktav-MäertchenWilliam ShakespeareRéimescht RäichClairefontaine-PlazDe Feierwon17. MäerzNupediaBelsch21. MeeRita Levi-MontalciniBanlieueEngleschRapBouneweger Lycée LuxembourgLycée Josy-Barthel MamerGNU Free Documentation LicenseDonald TrumpMarshallplang1995EritreaZypernParäisEgyptenLandkaart16. MäerzGrousse groen Neimäerder998 v. Chr.Walter Vogt1942KalifornienPierre DupongBeggenMonica SemedoVullen1986198813. JuniPopmusek1069Baudouin vun der BelschFelix MelchiorLycée Nic-BieverGeorge WashingtonSchweedesch KrounGemeng KäerjengNASADario Argento10. MäerzSudanAtheismus23. AbrëllGeneralstänn vu 178913. Januar🡆 More