Dëse Geographiesartikel iwwer Kroatien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kroatien (kroatesch: Republika Hrvatska) ass eng Republik am südëstlechen Europa. D'Land huet d'Form vun engem Croissant: de westleche Wutz besteet aus 1.777 km Küst um Adriatesche Mier, d'Häerzstéck mat der Haaptstad Zagreb läit agekäilt tëscht Slowenien am Norden a Bosnien an Herzegowina am Süden, an den ëstleche Wutz grenzt un Ungarn a Serbien.
Republika Hrvatska | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Kroatesch, an Istrien zousätzlech Italieenesch, lokal och Serbesch an Ungaresch | ||||
Haaptstad: | Zagreb | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Kolinda Grabar-Kitarović | ||||
• Premierminister: | Andrej Plenković | ||||
Fläch: | 56 594 km² | ||||
Bevëlkerung: | 4 437 460 | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 78,41/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 25. Juni 1991 | ||||
Nationalfeierdag: | 25. Juni | ||||
Nationalhymn: | Lijepa naša domovino (Lauschteren) | ||||
Wärung: | Euro | ||||
Internet TLD: | .hr | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +385 | ||||
Kroatien ass zanter dem 1. Abrëll 2009 Member vun der NATO an d'Republik ass den 1. Juli 2013 der Europäescher Unioun bäigetrueden. Zanter dem 1. Januar 2023 ass Kroatien an der Eurozon, an am Schengen-Raum.
Zu Kroatien gehéieren 1.185 Inselen, vun deenen der 47 bewunnt sinn.
Commons: Kroatien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kroatien, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.