D'Christianne Wickler, gebuer den 21.
Februar 1960, ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a fréier Politikerin (déi gréng).
Christianne Wickler | |
---|---|
Gebuer | 21. Februar 1960 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Entreprener |
Partei | déi gréng |
Si ass Direktesch vun der Geschäftsketten Pall Center vun där den éischten Akafszentrum 1982 zu Uewerpallen vun hirer Famill opgebaut gouf.
Si ass zanter 2013 Presidentin vun der Fédération des femmes cheffes d'entreprise au Luxembourg.
2013 huet si sech bei de virgezunne Chamberwale vum 20. Oktober 2013 als Kandidatin vum Walbezierk Norden op der Lëscht vun Déi Gréng presentéiert an ass, nodeem de Camille Gira Staatssekretär gouf, an d'Chamber 'nogerëtscht'. Mä schonn den 10. Juli 2014 huet si aus berufflechen a familiäre Grënn hiert Chambermandat nees opginn; de Gérard Anzia ass an hirer Plaz nogerëtscht.
Am Mäerz 2021 huet si zesumme mat der Nathalie Meier-Hottua d'Internetplattform Expressis-Verbis gegrënnt, déi dofir kritiséiert gouf, datt se d'COVID-19-Pandemie banaliséiere géif. Nodeem d'Christianne Wickler als Presidentin vun der Cargolux nominéiert gi war, huet si sech bei Expressis-Verbis zeréckgezunn,.
Si war vun Abrëll 2021,, als Nofollgerin vum Paul Helminger, bis zu hirer Demissioun am Mäerz 2023 Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Cargolux.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Christianne Wickler, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.