Den Ernst Heinrich Haeckel, gebuer de 16.
Februar">16. Februar 1834 zu Potsdam a gestuerwen den 9. August 1919 zu Jena, war en däitschen Naturwëssenschaftler a Philosoph.
Ernst Haeckel | |
---|---|
Portrait vun 1860 | |
Gebuertsnumm | Ernst Heinrich Philipp August Haeckel |
Gebuer | 16. Februar 1834 Potsdam |
Gestuerwen | 9. August 1919 Jena |
Nationalitéit | Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Kinnekräich Preisen |
Educatioun | Humboldt-Universitéit Berlin |
Aktivitéit | Biolog, Dokter, Zoolog, Philosoph, Naturalist, Ekolog, Ornitholog, Universitéitsprofesser, Ichthyolog, Botaniker, Explorateur, Fotograf, Schrëftsteller |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia delle Scienze di Torino |
Den Haeckel huet Medezin op den Universitéiten zu Berlin, Würzburg a Wien studéiert. 1857 huet hie promovéiert an e Joer méi spéit säi Staatsexame gemaach. Hie gouf 1861 Professer fir Anatomie zu Jena a krut do 1865 e Léierstull an der Zoologie bis 1909.
Nodeem hien 1860 e Wierk vum Charles Darwin iwwer d'Entstoe vun den Aarte gelies hat, gouf hien e begeeschterten Unhänger vun der Evolutiounstheorie. 1866 huet hien den Darwin perséinlech kennegeléiert an huet seng Aarbecht der Evolutiounstheorie ugepasst.
Den Ernst Haeckel huet de Begrëff Ekologie an d'Welt gesat.
Commons: Ernst Haeckel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ernst Haeckel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.