Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
◄◄ | ◄ | 1914 | 1915 | 1916 | 1917 | 1918 | 1919 | 1920 | 1921 | 1922 | ► | ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1918.
Evenementer
Europa
Lëtzebuerg
- 28. Mäerz: Bouneweg gëtt aus der Loft bombardéiert; et gëtt 9 Doudeger.
- 08. Juli: Loftugrëff op Clausen, 8 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 28. Juli a 4. August: Wale fir eng Chambre constituante, déi d'Verfassung iwwerschaffe soll.
- September: D'Regierung erlaabt, datt Biergermilizen opgesat kënne ginn, fir géint d'Déifställ vu Liewensmëttelen op Felder an a Lagere virzegoen.
- 28. September: D'Regierung Kauffman trëtt zeréck, nodeems bekannt gi war, datt de Léon Kauffman bei enger Privataudienz vum däitsche Kanzler Georg Graf von Hertling bei der Groussherzogin Marie Adelheid mat derbäi war. Den Emile Reuter gëtt neie Ministerpresident vun der Regierung Reuter.
- Oktober: Vill Leit kréien d'Spuenesch Gripp, en ettlech stierwen drun; d'Schoule ginn dowéinst zougemaach.
- 10.-11. November: En Aarbechter- a Bauererot ("Sowjet") gëtt opgesat; an der Chamber fuerderen déi Liberal an d'Sozialisten d'Ofsetze vun der Groussherzogin, well dës sech an d'Regierungsgeschäfter gemëscht hätt an ze däitschfrëndlech gewiescht wier. Si verpasse knapps d'Majoritéit beim Vote.
- 13. November: Eng 2000 russesch Krichsgefaangener maachen zu Esch-Uelzecht halt a kréien do z'iessen.
- 21. November: Eng 20.000 amerikanesch Besatzungszaldote kommen op Lëtzebuerg.
- 22. November: D'109. Infanterieregimemt vun der franséischer Arméi kënnt op Lëtzebuerg.
- 23. November: D'Auerzäit gëtt vun där 'däitscher' ëm 55 Minutten hannerzeg op déi 'franséisch' ëmgestallt.
- 25. November: De Maréchal Ferdinand Foch ass kuerz zu Lëtzebuerg, spéider och ëm de 15. Dezember an ëm Chrëschtdag.
- 26. November: D'Ligue française gëtt gegrënnt; si setzt sech fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich an.
- 11. Dezember: De Maréchal Philippe Pétain ass zu Lëtzebuerg.
- 11. Dezember: De Cours vun der Mark gëtt zu 1,25 Frang festgeluecht, wat e grousse Wäertverloscht fir déi ass, déi Marken hunn.
- 14. Dezember: D'Regierung kënnegt den 8-Stonnen-Dag bei gläicher Pai an der Sidérurgie un.
- 23. Dezember: De franséischen Ausseminister Stéphen Pichon wëll déi lëtzebuergesch Ministeren, déi komm sinn, fir mat him iwwer eng Wirtschaftsunioun ze schwätzen, nëmme "privat" an net als Vertrieder vun der groussherzoglecher Regierung emfänken; et gëtt kloer, datt d'Marie-Adelheid als Staatscheffin net méi ze droen ass.
- 30. Dezember: Lëtzebuerg kënnegt seng Memberschaft am Däitschen Zollveräin op.
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
Gebuer
- Anna Gobbi, italieenesch Filmregisseurin an Dréibuchautorin.
- Pierre Laux, lëtzebuergeschen Zaldot bei der Operatioun Overlord.
- 11. Januar: Robert C. O'Brien, US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist.
- 19. Januar: Luciano Emmer, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 24. Januar: Gottfried von Einem, éisträichesche Komponist.
- 26. Januar: Nicolae Ceauşescu, rumäneschen Diktator.
- 27. Januar: Antonín Mrkos, tschecheschen Astronom.
- 28. Januar: Suzanne Flon, franséisch Schauspillerin.
- 30. Januar: Leopold Lahola, slowakeschen Auteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 02. Februar: Alfred Steinmetzer, lëtzebuergesche Moler.
- 03. Februar: Paul Anen, lëtzebuergesche Fechter.
- 04. Februar: Ida Lupino, englesch-US-amerikanesch Schauspillerin a Filmregisseurin.
- 05. Februar: Tim Holt, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 07. Mäerz: Rolf Thiele, däitsche Regisseur.
- 06. Mäerz: Jean Trausch, lëtzebuergesche kathoulesche Missionnaire.
- 08. Mäerz: Jacques Baratier, franséische Filmregisseur.
- 09. Abrëll: Jørn Utzon, däneschen Architekt.
- 25. Mäerz: Victor Vicas, russesch-franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 03. Abrëll: Sixten Ehrling, schweedeschen Dirigent.
- 07. Abrëll: Rudolf Nussgruber, éisträichesche Filmregisseur.
- 17. Abrëll: William Holden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 18. Abrëll: Aloyse Duhr, lëtzebuergesche Wënzer, Buergermeeschter an Deputéierten.
- 19. Abrëll: Georges Heisbourg, lëtzebuergeschen Diplomat an Auteur.
- 23. Abrëll: Maurice Druon, franséischen Auteur a Politiker.
- 23. Abrëll: Marie-Thérèse Kolbach, lëtzebuergesch Molerin an Zeechnerin.
- 25. Abrëll: Gérard de Vaucouleurs, franséisch-amerikaneschen Astronom.
- 10. Mee: Alfred Weidenmann, däitsche Filmregisseur.
- 16. Mee: Urbain Heintz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 24. Mee: Katharina Szelinski-Singer, däitsch Sculptrice.
- 26. Mee: John Dall, US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. Mee: Norbert Franck, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 03. Juni: Robert Lentz, lëtzebuergeschen Architekt.
- 03. Juni: Paul Metz, lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriemanager.
- 08. Juni: Gunther Philipp, éisträichesche Sportler a Schauspiller.
- 09. Juni: Robert Lynn, brittesche Filmregisseur.
- 10. Juni: Patachou, franséisch Sängerin a Schauspillerin.
- 13. Juni: Ben Johnson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Juni: Victor Zürn, lëtzebuergeschen Zeecheprofesser.
- 24. Juni: Paul Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Juni: Georges Gales, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 01. Juli: Vittorio Sala, italieenesche Regisseur.
- 02. Juli: Franz Marischka, éisträichesch-brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 05. Juli: Léon Schumacher, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 07. Juli: Werner Peters, däitsche Schauspiller.
- 14. Juli: Ingmar Bergman, schweedesche Regisseur.
- 18. Juli: Nelson Mandela, südafrikanesche Politiker a President vu Südafrika (1994-1999).
- 28. Juli: Albert George Wilson, US-amerikaneschen Astronom.
- 31. Juli: Renaud Mary, franséische Schauspiller.
- 31. Juli: Robert K. Morgan, US-Amerikanesche Pilot.
- 01. August: Artur Brauner, polnesch-däitsche Filmproduzent.
- 04. August: Claus Holm, däitsche Schauspiller.
- 06. August: Rudy Mach, lëtzebuergesche Polizist a Resistenzler.
- 08. August: Gaspard Krettels, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Enseignant, Journalist a Schrëftsteller.
- 09. August: Robert Aldrich, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 13. August: Frederick Sanger, brittesche Cheemiker an Nobelpräisdréier.
- 18. August: Jim Kremer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. August: Leonard Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 25. August: Richard Greene, brittesche Schauspiller.
- 30. August: Aimé Ramond, franséische Resistenzler.
- 03. September: Susi Nicoletti, däitsch-éisträichesch Schauspillerin.
- 05. September: Nicolas Kollwelter, lëtzebuergesche Politiker.
- 09. September: Oscar Luigi Scalfaro, italieenesche Politiker.
- 12. September: Georges Margue, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 17. September: Chaim Herzog, israeelesche Generol a Politiker.
- 20. September: George L. Mosse, däitsch-amerikaneschen Historiker.
- 27. September: Martin Ryle, brittesche Radioastronom a Physik-Nobelpräisdréier.
- 01. Oktober: Jos Kinzé, lëtzebuergeschen Organist.
- 06. Oktober: Joseph Adam, lëtzebuergesche Pater a Fotograf.
- 08. Oktober: Ron Randell, australesche Schauspiller.
- 13. Oktober: Robert Walker, US-amerikanesche Schauspiller.
- 14. Oktober: François Decker, lëtzebuergeschen Historiker.
- 17. Oktober: Rita Hayworth, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. Oktober: Konstantinos Mitsotakis, griichesche Politiker.
- 20. Oktober: Anton Diffring, däitsche Schauspiller.
- 21. Oktober: Emile Weber, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 27. Oktober: Teresa Wright, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 03. November: Claude Barma, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 04. November: Renée Faure, franséisch Schauspillerin.
- 04. November: Cameron Mitchell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. November: Hervé Bromberger, franséische Filmregisseur.
- 14. November: Georges Wengler, lëtzebuergeschen Turner.
- 18. November: Alex Joffé, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 19. November: Hendrik Christoffel van de Hulst, hollänneschen Astrophysiker.
- 04. Dezember: John Ernest Dolibois, lëtzebuergesch-amerikaneschen Diplomat.
- 08. Dezember: Gérard Souzay, franséische Bariton-Sänger.
- 11. Dezember: Alexander Soljenizyn, russesche Schrëftsteller.
- 12. Dezember: Emile Nurenberg, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Dezember: Audrey Totter, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 21. Dezember: Kurt Waldheim, éisträicheschen Diplomat a Politiker.
- 23. Dezember: Helmut Schmidt, däitsche Politiker.
- 25. Dezember: Ahmed Ben Bella, algeeresche Politiker.
- 25. Dezember: Anwar as-Sadat, egyptesche Staatspresident.
- 25. Dezember: Tamara Michailowna Smirnowa, russesch Astronomin.
- 26. Dezember: Félix Lux, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 30. Dezember: Edmond Reuter, lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Member vum Staatsrot.
Gestuerwen
- 28. Januar: John McCrae, kanadeschen Dichter a Medezinner.
- 06. Februar: Gustav Klimt, éisträichesche Kënschtler.
- 07. Februar: Pierre Brasseur, lëtzebuergeschen Industriellen an Nottär.
- 25. Mäerz: Claude Debussy, franséische Komponist.
- 28. Mäerz: Pierre Hentges, lëtzebuergesche Politiker a Sportler.
- 28. Mäerz: Émile Bian, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 20. Abrëll: Karl Ferdinand Braun, däitsche Physiker, Nobelpräisdréier.
- 01. Mee: Jean Schortgen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 18. Mee: Victor Feyder, lëtzebuergeschen Dokter.
- 27. Juni: George Mary Searle, US-amerikaneschen Astronom a Geeschtlechen.
- 13. Juli: Charles de Waha, lëtzebuergesche Medezinner, Chirurg a Politiker.
- 13. Juli: Karl Wilhelm Lorenz, däitsche Mathematiker an Astronom.
- 07. August: Emile Berchem, lëtzebuergesche Moler a Geschäftsmann.
- 14. August: Aaron Nichols Skinner, US-amerikaneschen Astronom.
- 30. August: Frédéric Clasen, lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.
- 12. Oktober: Émile Guimet, franséischen Asien-Speezialist a Konschtsammler.
- 12. Oktober: Jacques Meyers, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Professer.
- 26. Oktober: Jean-Pierre Jérôme Thinnes, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 31. Oktober: Egon Schiele, éisträichesche Moler.
- 07. November: Georg von dem Borne, däitsche Geophysiker
- 09. November: Guillaume Apollinaire, franséische Schrëftsteller.
- 25. November: Paul Kellen, lëtzebuergesche Moler.
- 29. November: Jean Joseph Koppes, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Bëschof.
- 09. Dezember: Edouard Caspari, franséische Marineingenieur, Geograph an Astronom.
Um Spaweck
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1918, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.