D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, kuerz LGS, sinn de gréisste Verband vu Guiden a Scoute vu Lëtzebuerg.
Mat méi wéi 5.000 Membere sinn d'LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 57 lokal Gruppe gëtt et am Land.
D'LGS sinn 1994 aus dem Zesummeschloss vun den zwéi kathoulesche Verbänn Lëtzebuerger Guiden a Lëtzebuerger Scouten entstanen. Haut spillt dat Kathoulescht an der Aarbechtsmethod vun den LGS keng sou grouss Roll méi. Amplaz gëtt méi Wäert op déi perséinlech Entwécklung vun de Jugendleche geluecht, zu deem och fir deen Eenzelen déi perséinlech Spiritualitéit ka gehéieren.
Zu de Lëtzebuerger Guiden a Scoute gehéieren och nach follgend Organisatiounen:
D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn als eenzege Lëtzebuerger Verband Member vun der Guideweltorganisatioun WAGGGS a vun der Scoutsweltorganisatioun WOSM|. Déi aner zwéi Verbänn (FNEL an AGGL) si just Member vun enger vun dësen zwou Weltorganisatiounen.
D'Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ënnerläit dem Verbandscomité, deen aus dem Commissaire général, dem Commissaire général adjoint, dem Aumônier général an enger Rei Commissaire mat spezielle Charge besteet.
Eng Lëscht vun alle Commissairen:
De representative Chef-Scout vu Lëtzebuerg ass de Prince Guillaume.
D'Method vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute besteet aus follgenden Haaptpunkten:
All Grupp ass a verschidde Branchen opgedeelt déi vu forméierte Cheffen encadréiert ginn. Déi eenzel Branchen ënnerscheede sech äusserlech duerch d'Faarf vun der Sträif op hirem Foulard.,,,,
Branche | Faarf um Foulard | Alter |
---|---|---|
Biber | Turquoise | 6-8 Joer |
Wëllef | Giel | 8-11 Joer |
AvEx | Moof | 11-14 Joer |
CaraPio | Rout | 14-17 Joer |
RaRo | Beige | 17-23 Joer |
Albatrossen | Donkelgro | + 23 joer |
Zur Uniform vun den LGS gehéieren:
D'Foularde vun den LGS hunn all e bloen Hannergrond mat engem faarwege Bord, deen d'Branche duerstellt (kuck uewen an der Tabell). Foularde mat enger wäisser Sträif op der rietser Säit an enger Branchefaarf op der lénkser si fir d'Cheffe vun där respektiver Branche geduecht. D'Gruppecheffen hunn ee Foulard mat enger wäisser Sträif an enger donkelgroer op der lénkser Säit. Zousätzlech gëtt et nach Foularde mat zwou wäisse Sträifen déi fir Commissairen, Aumônieren an aner Membere vun der Verbandsgrupp geduecht sinn. De Foulard mat zwou grénge Sträife gëtt vu Memberen an enger Scoutsgrupp gedroen déi selwer kee Scout sinn, sech awer bereet erkläre fir bei enger Aktivitéit eng Hand mat unzepaken.
D'LGS bestinn aus 57 méi oder wéineger grousse Gruppen, déi sech virun allem no hirer geographescher Lag andeelen.
Commons: Lëtzebuerger Guiden a Scouten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lëtzebuerger Guiden a Scouten, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.