Walfer ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng Walfer.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Walfer | |
---|---|
D'Gemengenhaus zu Walfer | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Walferdange de: Walferdingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Walfer |
Buergermeeschter | François Sauber (CSV) |
Awunner | 1.094 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten | 49° 39’ 46’’ N 06° 08’ 00’’ O |
D'Walfer läit am Uelzecht-Dall, dee vun do un no Norden ëmmer méi breet gëtt. Am Weste fanne mer eng Wiselandschaft déi lues a lues verbaut ginn ass, an am Oste stéisst Walfer un d'Häng vun de Bëscher déi op de Koppe leien wéi de Walferbierg, de Quantebierg, d'Fréin an d'Heedchen.
D'Naturschutzgebitt Sonnebierg läit um Westhank vum Ausleefer vum Walferbierg.
Walfer ass haaptsächlech un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen (Nordstreck) an d'Nationalstrooss 7, déi allebéid vun Norden no Süde matzen duerch Walfer ginn an Duerf praktesch zesumme mat der Uelzecht a véier deelen.
Aner Weeër, déi op Walfer féieren, sinn den CR181 dee vu Walfer op d'Biergerkräiz geet, den CR233 vun Dummeldeng op Walfer an den CR123 vu Steesel op Walfer.
|
Commons: Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Walfer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.