Hong Kong (chin.
Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
香港 Xiānggǎng; op Lëtzebuergesch: Hafen dee gutt richt; Kantonesesch: Heunggong) ass eng Verwaltungszon mat Sonnerstatut vun der Volleksrepublik China.
Se läit op der chineesescher Südküst. De Finanz-, Geschäfts- a Kulturzentrum ass Victoria City. Déi gréisst Stad um ganze Gebitt ass Kowloon. Den Territoire besteet aus enger Hallefinsel, a méi wéi 200 Insele ronderëm. Fréier war dësen Territoire eng Kolonie vun der brittescher Kroun. En ass den 1. Juli 1997 vertragsgeméiss zeréck u China gefall, a steet haut ënner enger besonnescher chineesescher Verwaltung.
No där vum Deng Xiaoping entwéckelter Doktrin Ee Land, zwéi Systemer bleift dat demokratescht maartwirtschaftlecht System vun Hong Kong op d'mannst 50 Joer nieft dem kommunistesche System vun der Volleksrepublik China bestoen, sou datt d'Roll vun Hong Kong als groussen asiatesche Finanzzentrum geséchert bleift. Déi Autonomie erlaabt Hong Kong zwar seng eege Gesetzer, en eegenen Douanestarif a seng eege Wärung ze hunn, wat awer net verhënnert, datt d'Regierung vu Peking heefeg an d'Innepolitik agräift. Sou gëtt z. B. den ieweschte Verwaltungschef vun engem Walgremium gewielt, deem seng Zesummesetzung vun der Volleksrepublik China bestëmmt gëtt.
Commons: Hong Kong – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hong Kong, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.