De Schetzel war e Klausener, deen am 12.
Joerhonnert">12. Joerhonnert déi lescht 14 Joer laang bis zu sengem Doud an enger Klaus am Gréngewald bei Lëtzebuerg gelieft huet.
Schetzelklaus | |
---|---|
D'Plaz virun der Hiel vum Schetzel am Gréngewald | |
An anere Sproochen | fr: Ermitage de Schetzel de: Schetzelklause |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Steesel |
Buergermeeschter | Fernand Marchetti (LSAP) |
Koordinaten | 49° 40’ 02.8’’ N 06° 11’ 31.8’’ O |
De Schetzel ass 1138 oder 1139 gestuerwen.
Aner Nimm ënner deenen hie bekannt war: Schetzelo, Ghislenus, Gosselinus, Gezzelinus; op Franséisch: Scocelin, Ghislain, Goslin, Jocelin.
Nom Schetzel sinn de Schetzelbur an d'Schetzelbaach genannt, déi eng ronn 200 Meter vun der Schetzelhiel ewech leien.
De Schetzel ass wuel en Zisterzienser gewiescht a koum warscheinlech aus der Abtei vun Orval. Hien huet sech an enger Klaus am Gréngewald zeréckgezunn fir do als strenge Béisser ze liewen an ze bieden an dem Här no ze sinn. Vill Leit hunn hien ëm säi Rot gefrot.
Hien huet an enger Hiel gelieft an op dem plakege stengene Buedem geschlof. Als Kascht hat hien d'Planzen aus dem Bësch an d'Waasser aus enger Baach, déi hir Quell ronn 200 m vu senger Hiel ewech huet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schetzelbaach.
Wéinst den uerge Wanteren huet de Schetzel a senge leschte Joren de Bësch nuets verlooss an huet a Bauerenhaiser an der Géigend geschlof an Iessen ugeholl, fir net vun Honger ze stierwen.
Schonn zu senger Liefzäit war de Schetzel an der ganzer Ëmgéigend bekannt a veréiert, wat sech no sengem Doud iwwer d'Joerhonnerten eraus bis haut erhalen huet.
De Schetzel ass den 11. August 1138 oder 1139 gestuerwen. Seng kierperlech Iwwerreschter louchen an der Kierch vun der Abtei Almënster an der Stad Lëtzebuerg, wou se véier Joerhonnerte laang veréiert goufen. Zanter 1543, wéi d'Abtei am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert gouf, si seng Iwwerreschter verschwonnen.
D'Hiel am Gréngewald, déi natierlech am Sandsteen entstanen ass, war laang verschott. Si ass am 19. Joerhonnert vum deemolege Paschtouer vu Weimeschkierch, dem Jean Klein, nees fräigeluecht ginn. Si ass eng 3 m breet, 2,5 m déif an 2,5 m héich.
Well de Schetzel de 6. August säin Namensdag huet, huet de Vincent Krier an den 1960er Joren, wéi hie Paschtouer vun Hueschtert war, den 2. Sonndeg am August fir alljärlech Schetzelfeier am Gréngewald gewielt.
De Schetzel gëtt dacks als helleg bezeechent, dat obschonn d'kathoulesch Kierch hien ni helleg, an och net séileg gesprach huet. D'Vollek huet him deen Titel ginn, wat d'Kierch toleréiert huet.
Haut ass nach d'Hiel ze gesinn an där eng Kapell amenagéiert ass. Obwuel se um Gebitt vun der Gemeng Steesel läit, gëtt d'Kapell vun der Par Iewescht Syr Saint-Esprit geréiert. An der Grott stinn e Kräiz an zwou Statuen, déi vum Schetzel an déi vum hl. Achardus. D'Statue si vum Josy Jungblut.
Um Fiels nieft der Hiel gesäit een
Virun der Hiel stinn
Op der Lëtzebuerger topographescher Kaart (23 Luxembourg) ass d'Klaus mat Ermitage de Schetzel an de Beräich ronderëm mat Schetzelklaus agedroen.
Op der Plackett steet op Däitsch geschriwwen (hei iwwersat):
"Den Hl.* Schetzel, deen aus der Géigend vun Tréier staamt, huet déi 14 lescht Jore vu sengem strenge Klausliewen an dësem verloossene Bësch verbruecht. Jiddweree wäert e bewonneren, vill wäerten em noäiferen, kee wäert en nomaachen. Den Hellege Bernhard, Abt vu Clervaux* († 1149)* huet duerch Vertrauenspersounen den Hl. Schetzel opsichen a beschenke gelooss. Den Zisterzienserpater Hl. Achardus war iwwerglécklech fir den hellege Klausbrudder ze gesinn a mat him ze schwätzen. Den Hl. Schetzel ass ëm d'Joer 1139 gestuerwen a gouf an der Abtei vun Eiser Léiwer Fra zu Lëtzebuerg begruewen. Zanter der Zerstéierung vun Almënster sinn déi wäertvoll Iwwerreschter vum Hellege spuerlos verschwonnen. Hellege Schetzel léier a beschütz eis!"
*) Op där Plackett stinn dräi Feeler: (1) Den Hl. Bernhard ass net 1149, mä 1153 gestuerwen an (2) hie war Abt vun der Zisterzienserabtei Clairvaux (a Frankräich), net ze verwiessele mat dem lëtzebuergesche Clervaux, Klierf, wou eng Benediktinerabtei ass. (3) De Schetzel ass ni vun der Kierch helleggesprach ginn.
D'Schetzelhiel läit um Wee vum circuit auto-pédestre duerch de Gréngewald, dee vum Waldhaff aus fort geet.
Mam Auto erreecht een d'Plaz am Beschte vun der Iechternacherstrooss (E29/N11) aus: wann ee vum Waldhaff a Richtung Jonglënster fiert, béit een zirka 1 km nom Waldhaff, genee do wou d'Strooss vun 2 op 3 Spueren iwwergeet, no lénks of an e ronn 30 m laange goudronéierte Wee, wou een den Auto parke kann.
Vum geparkten Auto aus geet et dann iwwer de Bëschwee zu Fouss erof weider, zirka 800 m, de Schëlter no, bei d'Schetzelhiel.
D'Veréierung vum Schetzel am Gréngewald ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert erëm opgelieft, nodeem d'Schetzelhiel nees fräigeluecht gouf.
An der Kathedral gëtt zweemol un de Schetzel erënnert:
De Wilhelm Weis (1894-1964) huet e Roman mam Titel Knecht der Liebe iwwer d'Liewe vum Schetzel geschriwwen.
Commons: Schetzel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Schetzel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.