Kapell: Kierchegebai

Eng Kapell (lat: cappa, Mantel, am Diminutiv capella) ass e klengt Kierchegebai, wat entweeder fir sech steet, oder an e méi grousst Gebai, wéi zum Beispill eng Kierch oder Kathedral, awer och a profan Gebaier wéi eng Buerg oder e Spidol agebaut ass.

Kapell: Kierchegebai Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kapell als reliéist Gebai. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kapell (Homonymie).

Eng vun de bekanntste Kappelle vun der Welt ass d'Sixtinesch Kapell zu Roum, mam immense Plaffong vum Michelangelo.

Kapell: Kierchegebai
Kapell Sainte-Brigitte an der Bretagne, Frankräich.

Déi fréi chrëschtlech Gebaier goufe meeschtens nach net als Kapell bezeechent, si ware manner Gebaier, mä éischter verschidde spezifesch Raim an engem Gebai. Déi éischt Kapellen - och wa se deemools nach net sou genannt goufen - déi separat vu Kierchen identifizéiert goufen, waren d'Monumenter fir d'Märtyrer.

D'Terminologie koum spéider duerch eng Reliquie vum Hellege Martin vun Tours. Hien hat engem Heeschemann d'Hallschent vu sengem Mantel ginn, déi aner Hallschent huet hie selwer ugedo (eng. cape; lat. cappa, capella). Dëse Mantel koum an de Besëtz vun de fränkesche Kinneken, a si hunn d'Reliquie matgeholl, wa si an d'Schluecht gezu sinn. D'Zelt, wou si de Mantel higeluecht haten, a wou si d'Mass gehalen hunn, gouf capella genannt. D'Paschtéier, déi hei d'Mass gehalen hunn, goufe cappellani genannt.

Kapell: Kierchegebai
Kapell vun der helleger Catherine, Abbotsbury, Dorset.

Vun dëse Wierder kommen eis Terme "Kapell" a "Kaploun".

An der englescher Geschicht goufen dacks déi Kierchen, déi net zu der Church of England gezielt hunn - also gréisstendeels protestantesch Kierchen - Kapelle genannt.

Well Kapelle meeschtens net grouss sinn, ginn och meeschtens keng reegelméisseg Gottesdéngschter fir eng ganz Par do gehalen, mä d'Gebai gëtt éischter fir Privatandachte benotzt. Meeschtens gehéieren d'Kapellen der Par och net. Dacks goufen d'Kapelle vu Privatleit gebaut, fir engem bestëmmten Hellege fir e Wonsch, deen an Erfëllung gaangen ass, merci ze soen.

Kapell: Kierchegebai
D'Kapell aus dem Heischtergronn

Kapelle gëtt et wéi scho gesot, och dacks a gréisseren anere Gebaier. An enger Kierch sinn dëst kleng Raim, wou spezifesch Gottesdéngschter fir e klenge Public gehale ginn, wéi zum Beispill an enger Dafkapell oder enger Sakramentskapell. Eng Usammlung vu Kapellen un der Apsis vu mëttelalterleche Kierchen nennt ee Kapellekranz. Sinn d'Kapellen am Längsschëff ugebaut, heesche si Säitekapellen. An der Kierch ass et och déi Plaz, déi d'Krypta ersetze kann, wou Verstuerwener bäigesat ginn. Räich Familljen hate fréier sou Kapellen an de Kierchen an hunn dem Klerus héich Zommen dofir bezuelt.

An de Buergen a Schlässer goufen och dacks Kapellen ageriicht. Ausserdeem fënnt ee Kapellen op Kierfechter oder laanscht d'Stroossen (besonnesch laanscht bekannte Pilgerweeër).

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Kapellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

BuergKathedralKierchLatäinMichelangeloRoumSpidol

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Gemeng StadbriedemesHotel Grand-ChefDem Mich seng KichenPascal DebraMinettsgéigendLuc FellerChristoph KolumbusKonter a MattJean-Baptiste NeuensGreyhounds 59Norbert CampagnaDoudesstrof zu LëtzebuergJosy JohannsFailliteRéimechGemeng HelperknappTali GolergantGérard ValeriusLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenMoskauClaude RederVietnamStaatsrot (Lëtzebuerg)Senta BergerPolenEdsunUkrainMargréitchenIrlandMobil ApplikatiounLionel MessiHaidy JacobiRoche-aux-fauconsHimmelsdéiercherOstblockRay BradburyGuernicaNico ReisdorffBloMarc DostertLëtzebuergeschLiège-Bastogne-Liège 2019Laurent MosarHenri WerlingWikiPortal Lëtzebuerg/Neist Artikelen/Archiv 2024Betty FontaineSoziologieUS-Dollar2007MalaysiaLëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest26. AbrëllLeipzigVereenegt Arabesch EmiraterInternetAustralienKatrín JakobsdóttirMonica SemedoAlex DonnersbachLiberté de conscienceSerge Tonnar9. JuliDoctenaChicagoLeekollen zu LëtzebuergDoudesstrofOctavie ModertCFL 3600Comptabilitéit🡆 More