D'Monica Semedo, gebuer de 15.
Juni">15. Juni 1984, ass eng lëtzebuergesch Politologin a Politikerin an eng fréier Sängerin a Moderatorin.
Monica Semedo | |
---|---|
Gebuer | 15. Juni 1984 Gréiwemaacher |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vun Tréier |
Aktivitéit | Televisiounsmoderateur, Sänger, Politolog, Politiker |
Partei | Demokratesch Partei, Fokus |
Hir Eltere koumen an den 1970er Jore vum Cap Vert op Lëtzebuerg schaffen.
Mat dräianenhalleft Joer gouf d'Monica bei engem Gesangsconcours vum Jang Linster entdeckt, deen an de Joren duerno mat him Kannerlidder-CDe produzéiert huet, déi e grousse Succès am Land haten. D'Stéck Jiddereen huet eppes – zesumme hu mer vill war e puer Wochen op der Plaz 1 vun den Charts. Als Teenager huet d'Monica Semedo op RTL Télé Lëtzebuerg Emissioune wéi "Häppi Diwwi", "Planet RTL" a "Planet Hits" moderéiert.
Si huet op der Universitéit Tréier Russesch, Spuenesch a Politikwëssenschaft studéiert an dee Studium 2015 mat engem Master a Politikwëssenschaft ofgeschloss.
Op Télé Lëtzebuerg huet si ufanks, niewelaanscht, geleeëntlech d'Meteospronosticken an aner Sendunge moderéiert. Dono huet si, ofwiesselend mat aneren, ë. a. d'Emissioune Picco Bello a Live Planet People moderéiert a Reportagë fir de Magazin gemaach.
Am Mee 2018 huet si bei RTL opgehalen, fir als Kandidatin fir d'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 op der Lëscht vun der DP am Osten matzemaachen. Si ass awer net an d'Chamber gewielt ginn.
Am Januar 2019 gouf si Responsabel fir Kommunikatioun an Direktiounsassistentin bei Luxembourg for Finance.
Am Mee 2019 huet si fir d'Europawale kandidéiert a gouf als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten op der Lëscht vun der Demokratescher Partei an d'Europaparlament gewielt.
Am Januar 2021 gouf si vum EU-Parlamentspresident David Sassoli fir véierzéng Deeg vun hiren Aufgaben als EU-Deputéiert suspendéiert. Et gouf hir psychologesch Belästegung vun hiren 3 Assistente virgeworf. De 27. Januar 2021 huet d'Monica Semedo hiren Austrëtt aus der Demokratescher Partei bekannt ginn. Am Mäerz 2022 gouf dunn erëm eng Enquête wéinst Mobbing géint d'Monica Semedo lancéiert, well en neien Assistent eng Plainte am Europaparlament géint si gemaach huet. Op en Neits gouf si am Abrëll 2023 dowéinst vun der Parlamentspresidentin Mezzola mat enger Geldstrof an Héicht vun 10 Deeg Indemnitéite sanktionéiert. De 27. Juni 2023 huet si eng Klo géint d'Europaparlament agereecht, well d'Verfare géint si rechtswidreg wier.
Am Februar 2024 gouf si Member vun der Partei Fokus an ass op hirer Lëscht Kandidatin fir d'Europawale vum 9. Juni 2024.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Monica Semedo, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.