Gréiwemaacher ass eng lëtzebuergesch Uertschaft, Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm an eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied.
Gréiwemaacher | |
---|---|
Dat fréiert Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Grevenmacher de: Grevenmacher |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Gemeng | Gréiwemaacher |
Buergermeeschter | Monique Hermes (CSV) |
Awunner | 4.981 |
1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023 | |
Koordinaten | 49° 40’ 45’’ N 06° 26’ 34’’ O |
Gréiwemaacher läit um lénksen Uwänner vun der Musel. Et ass eng Wënzerstiedchen an op sengen Häng fënnt een och Uebstplantagen.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
1252 krut Gréiwemaacher vum Heinrich V. de Fräiheetsbréif.
Den 18. November 1822 huet e Groussbrand 147 vun den 341 Haiser, souwéi 80 Ställ an 39 Scheieren zerstéiert. D'Ursaach vum Brand war, wéi de Georg Waldbillig bei sech doheem heemlech an der Rue Syr e Schwäi geschluecht huet. Nom Schluechten huet een deemools dem Schwäi seng Buuschte gesengt, andeems een et mat Stréi agedeckt an da Feier gemaach huet. Well d'Syrgaass besonnesch enk war, waren Hausschluechtunge streng verbueden. Fir d'éischt huet de Stréidaach vum Georg Waldbillig sengem Haus Feier gefaangen, duerno d'Haus Gelhausen vis-à-vis. Den 18. November um eng Auer mëttes stounge scho méi Haiser an der Syr an an der Poststrooss a Brand, a wéinst dem staarke Wand hunn nach eng Stonn méi spéit d'Hallschent vun allen Haiser gebrannt. De Brand gouf mat der Hëllef vun Tréierer Pomjeeë geläscht. Och den Tuerm vun der Dekanatskierch huet gebrannt. D'Hëtzt war esou grouss, datt d'Klacke mam Hinnchen um Tuerm geschmolt sinn. Spéider gouf aus der geschmolzener Bronz eng nei Klack gegoss. Bis haut hänkt dës "Feierklack" am Kierchtuerm. Verletzter an Doudeger schéngt et beim Brand keng ginn ze sinn. De Groussherzog Wëllem I. an d'Kinnigin Wilhelmine hunn deemools 2.900 Gulde fir den Nees-Opbau gespent. Déi lescht Rechnunge fir den Opbau stamen aus dem Joer 1834.
Als Konsequenz vum Brand gouf et verbueden, d'Haiser mat Stréi ze decken an d'Gemeng huet e Schaarschtechbotzer agestallt an d'Pompjeeën am Duerf agefouert.
...
Commons: Gréiwemaacher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gréiwemaacher, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.