D'Gemeng Bous ass eng fréier lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech, déi op den 1.
September 2023 mat der Gemeng Waldbriedemes zu der Gemeng Bous-Waldbriedemes fusionéiert ass.
Gemeng Bous | |
---|---|
d'Märei vu Bous (2023) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Bous de: Bous |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réimech |
Chef-lieu | Bous |
Buergermeeschter | Carlo Kütten |
Awunner | 1.752 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.542,3017 ha |
Héicht | 155 m |
Koordinaten | 49° 33’ 19’’ N 06° 19’ 42’’ O |
LAU-Code | LU1201 |
Websäit | http://www.bous.lu/ |
De Chef-lieu vun der Gemeng war d'Uertschaft Bous, vun där se och hiren Numm hat.
Zur Gemeng Bous hunn nach follgend Häff a Lieu-dite gehéiert:
Quell:STATEC
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
2018 koumen d'Pläng op, datt d'Gemeng Bous mat där vu Waldbriedmes kéint fusionéieren.
De Referendum dozou, deen den 3. Abrëll 2022 an den zwou Gemengen organiséiert gouf, ass positiv ausgaangen, mat 56,8 Prozent vun de Wieler zu Bous, déi dofir gewielt hunn (zu Waldbriedemes waren et der 73,6 Prozent).
D'Gesetz zu der Fusioun gouf den 8. Februar 2023 an der Chamber gestëmmt.
Bei de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 gouf dann de Gemengerot vun der neier Gemeng gewielt.
Den 1. September 2023 ass d'Fusioun a Kraaft getrueden, an d'Gemeng Bous huet opgehalen op ze bestoen.
Dat fréiert Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes soll déi nei Märei ginn..
Eng Zäitche waren och d'Gemenge Réimech a Stadbriedemes intresséiert, fir bei där Fusioun matzemaachen; doraus ass awer näischt ginn.
D'Gemeng Bous war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gemeng Bous, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.