Lampertsbierg: Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

De Lampertsbierg (dacks och einfach Lamperbierg) ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am nërdlechen Deel vun der Haaptstad.

Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Quartier Lampertsbierg. Fir den Documentaire doriwwer, kuckt wgl. De Lampertsbierg.
Lampertsbierg
Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm
Vue op Hollerech (vir am Bild) an de Lampertsbierg mat der Jousefskierch (am Hannergrond)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Limpertsberg
de: Limpertsberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 11.363
  31.12.2022
Fläch 157,07 ha
Héicht 335,4 m
Koordinaten 49° 37’ 14.99’’ N
      06° 07’ 18.01’’ O
Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm
Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm

Geographie

De Lampertsbierg läit op engem Plateau dee vu Süden a Richtung Norden, bis op eng Héicht vu knapps 336 m iwwer dem Mier klëmmt. Dee Punkt läit bal 100 m iwwer der Uelzecht beim Sichenhaff a 60 m iwwer dem Rollengergronn. Am Westen an am Norde gëtt de Lampertsbierg vun de Flanke vum Rollengergronn an der Millebaach ofgegrenzt, am Oste vum Uelzechtdall. Am Süde grenzt de Quartier un d'Uewerstad.

D'Haaptstroossen déi vu Süden a Richtung Norden duerch de Quartier féieren, si vu Westen a Richtung Osten d'Avenue de la Faïencerie, d'Avenue Pasteur, d'Avenue Victor Hugo an d'Avenue du Bois.

Geschicht

Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm 
De Waassertuerm um Lampertsbierg vum Architekt Antoine Luja.

Bis uganks vum 15. Joerhonnert stoung um haitege Lampertsbierger Plateau e Bësch. No an no goufen d'Beem gehaen an et goufe Felder a Gäert mat Häff a Wiertschaften ugeluecht.

Zur Zäit vun der Festung Lëtzebuerg louch de Lampertsbierg extra muros, just virun dem Glacis (den haitege Parking huet säin Numm vun deem festungstechneschen Terme). Et war en Hiwwel mat engem Bësch. 1755 ass de Kierfecht Notre-Dame, den Nikloskierfecht do op engem klengen Areal amenagéiert ginn.

De Lampertsbierg, deen do virdrun zu der Gemeng Eech gehéiert huet, ass 1849 zesumme mam Roudebierg an déi nei geschaaft Gemeng Rollengergronn integréiert, ginn, déi bis 1920, wou si un d'Stad Lëtzebuerg ugegliddert ginn ass, existéiert huet.

1855 hunn d'Rousenziichter Jean Soupert a Pierre Notting um Lampertsbierg d'Rousenziichterei Soupert & Notting gegrënnt, déi an all Häre Länner Lëtzebuerger Rousen exportéiert huet.

Wéi den Traité vu London 1867 d'Groussherzogtum op éiweg neutral erkläert huet, huet missen d'Festung geschleeft ginn. Doduerch konnt sech de Perimeter vun der Stad entwéckelen.

1912 gouf d'Par Lampertsbierg gegrënnt, a kuerz duerno, 1913, gouf déi grouss neiromanesch Jousefskierch vum Bëschof Jean-Joseph Koppes feierlech ageweit. Haut gehéiert d'Par Lampertsbierg zum Parverband Notre-Dame, Lampertsbierg, Rollengergronn.

Hautdesdaags ass de Lampertsbierg eng gemëscht Zon, also souwuel e Geschäfts- wéi och Wunnquartier. Et fënnt een do nieft ville Privatwunnengen eng Rei Banken, en ettlech Bildungsariichtungen [en Deel vun der Université du Luxembourg, de Lycée de garçons de Luxembourg, de Lycée Robert-Schuman, de Lycée des arts et métiers, de Lycée technique du Centre an de Lycée Michel-Lucius], d'Victor Hugo-Hal (e Kulturzentrum) an de Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg.

All Joer ass Enn August bis uganks September um Glacis um Lampertsbierg d'Stater Kiermes, d'Schueberfouer.

Originne vum Numm

D'Originnen an d'Etymologie vum Toponym Lampertsbierg si bis haut net eendeiteg gekläert. Souwäit gewosst, gouf den haitege Lampertsbierg fir d'éischt de 7. August 1314 an engem Dokument ernimmt, wou vun enger Millen ënnerzeg vum Bësch „Lymperch“ rieds goung.

An de Joren duerno goufen ëmmer erëm änlech Nimm fir dëse Plateau mat sengem Bësch an d'Ëmgéigend gebraucht: e Gaart virum „Lampric“ (1350) oder beim „Lamperchwaige“ (1362), e Festungstuerm „Lymperchtour“ (1388) op der Héicht vun der haiteger Zentralbank, eng Paart „Lamperwegporte“ (1393), e Bësch „Lampertsbusch“ (1411), nees eng Paart „Limperport“ (1429), e Gaart zu „Lympergwege“ (1463) virun der Eecher Paart, Felder um „Limperweg“ (1513), en Haus um „Lymperwech“(1516), e Wee dee vun den Dräi Tierm bis bei den Tuerm „Lymperthorn“ gefouert huet, a schlussendlech e Gaart „uff Limperweg“ virun der Eecher Paart.

Dem Nic. van Werveke no geet de mëttelalterlechen Numm „Lymperch“ oder „Limper“ op de Wuertstamm „Lim“ vum alhoudäitsche „blinjan“ zeréck, wat am mëttelhoudäitschen „Lime“ entsprécht a souvill heescht wéi (de)„Lehne“ am Sënn vun (de)„Berglehne”, enger Biergflank. Hie mécht awer och d'Referenz vu „Lym“ an „Lim“ op dat laténgescht „leinia“ wat eng Lann ass.

Dem Edmond de la Fontaine an dem Joseph Meyers no kënnt „Limper“ vum alhoudäitschen „Lim“ wat „Bësch“ heescht. „Perch“ oder „Per“ ass du mat der Zäit zu (de) „Berg“ ginn. „Lymperch“ a „Limper“ kéinten deemno mat „Bierg mam Bësch“ oder „Lanne-Bierg“ iwwersat ginn. Am Joer 1630 wier du mam Suffix „Berg“ en zweete Bierg an Numm bäikomm, wouduerch „Limpertsberg“ am Fong de „Bierg beim Bierg mam Bësch“ heesche géif.

Aner etymologesch Theorië maachen éischter en Zesummenhank vu „Lampertsbierg“ mat (de) „Landwehr“, enger Zort Grenzgruef oder mat (de) „Lamparterweg“, engem Wee vun de Langobarden, déi sech am Mëttelalter do als Geldwiesseler opgehalen hätten.

Wann ee sech e bëssen am Ausland ëmkuckt, fënnt een zu Bonn e Quartier mam Numm „Limperich“, deen zimmlech no un de „Lymperch“ erukënnt. D'Etymologie vun dësem däitschen Numm geet op „Limberg“ oder „Lintberg“ zeréck, wat „Bierg vun de Lannen“ („Lanne-Bierg“) heescht a woumat een erëm bei der Theorie vum de la Fontaine an dem Meyers ass.

De Gebrauch vun „Mont Saint-Lambert“ ass vill méi spéit opkomm. Et gëtt ugeholl, datt dësen Numm op verschidden Deeler aus der Bevëlkerung zeréckgeet, déi éischter a francophonen a méi biergerlechen Numm fir hire Quartier wollten (den hl. Lambert gëtt z. B. zu Léck besonnesch veréiert). Dësen Toponym ass iwwregens op engem Festungsplang aus dem 18. Joerhonnert erëmzefannen an deemno vun engem franséische Kartograph gezeechent gouf.

De richtege Lëtzebuerger Numm vum Quartier ass „Lampertsbierg“, och wa „Lamperbierg“ (ouni ) nach an der Ëmgangssprooch gebraucht gëtt.

Awunner

Wéi d'Par Lampertsbierg 1912 gegrënnt gouf, huet de Quartier 2.499 Awunner gezielt.

Op den 31.12.2022 hunn um Lampertsbierg 11.363 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 26,87 % géintiwwer 73,13 % Auslänner.

Lampertsbierger no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 11 363 100,00
1 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Lëtzebuerg 3 053 26,87
2 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Frankräich 1 936 17,04
3 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Italien 880 7,74
4 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Spuenien 641 5,64
5 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Portugal 491 4,32
6 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Däitschland 426 3,75
7 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Belsch 358 3,15
8 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Griicheland 217 1,91
9 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  USA 196 1,72
10 Lampertsbierg: Geographie, Geschicht, Originne vum Numm  Vereenegt Kinnekräich 191 1,68
Top 10 8 389 73,83
Aner Nationalitéiten 2 974 26,17

Kuckt och

Literatur (Auswiel)

  • De Lampertsbierg. Histoire d'un quartier florissant. Lampertsbierger Geschichtsfrënn asbl, 2018. [mat Artikele vum Cynthia Colling, Stéphanie Ansay, Robert L. Philippart, Lex Langini, Henri Bressler, Yves Steichen an dem Laurent Moyse], ISBN 978-99959-934-8-1
  • Lecorsais, D. „Generationen wechseln, Geschichten bleiben: zu Besuch in Limpertsberg“ op www.wort.lu an an der gedréckter Versioun am Luxemburger Wort vum 31. Oktober / 1. November 2015, S. 36-37 (PDF)
  • Werner, M., Porverbandsrot Lampertsbierg-Rollengergronn, & Fabrique d'église. (2014). Por Lampertsbierg : 100 Joer Kierch, Por, Chorale : Fakten an Erënnerungen. Lampertsbierg: Por.
  • Fixmer, A., & Fixmer, Véronique. (2013). La reine du lampertsbierg : Une enfance luxembourgeoise (2e éd.. ed.). Nospelt: Ultimomondo, ISBN 978-2-919933-81-5

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Lampertsbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Lampertsbierg GeographieLampertsbierg GeschichtLampertsbierg Originne vum NummLampertsbierg AwunnerLampertsbierg Kuckt ochLampertsbierg Literatur (Auswiel)Lampertsbierg Kuckt ochLampertsbierg Um SpaweckLampertsbiergHaaptstadLëtzebuerg (Stad)Norden

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Nicolas MargueCharles MarxBlogKrimkrichRiedelenCorinna HarfouchPortraits d'artistesKarel de GroussenBëschofJohn Churchill, 1. Herzog vu MarlboroughStëbssuckelerAnimeRTL Télé LëtzebuergLëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg1146Raymond ClementHollandLouschlësselLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenCharles MederPablo EscobarLuc FriedenUkrainSpueneschen TiermchenSaudiarabienPéiterséileginselZeilespronkverfahren1900Lëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenCathy ClementBleachBiergerdagFaustiLyme-BorreliosJoresofschlossTali GolergantPatrick SanaviaMyriam Spiteri DebonoWaldbëlleger Affär23. JuniErnest Arendt (Affekot)MullebutzGehaansbiergCharles SubervilleMars Science LaboratoryObligatiounCôte de La RedouteMichel GehrendDoudege Wénkel (Film)TroublemakerPol LeursNuméro d'identification national (Lëtzebuerg)Jeff SeylerClinique Saint-FrançoisFranséischRoger DiederichDëppegéisser (Museksgrupp)Gemeng Béiwen-AtertJang de BlannenAlfred HitchcockSchwedentmxsxKuwaitUn der AtertCFL 1600Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques1675JéineschJean-Baptiste FresezLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenWikipedia🡆 More