En Documentaire oder Dokumentarfilm ass ee Film, deen op Fakte baséiert, also am Géigesaz zum Spillfilm net fiktional ass.
Den Documentaire liwwert e Bild vun engem Aspekt aus der Realitéit. Dat bedeit net, datt en d'Realitéit "telle quelle" erëmgëtt; e liwwer eng subjektiv Interpretatioun vun där Realitéit.
All méiglecht Theema kann de Sujet vun engem Documentaire sinn, zum Beispill Politik (wéi Colectiv), Gesellschaft (Doheem), Sport (Nak Muay), Musek (Buffalo C. Wayne - Roude Léiw mam Cowboy's Hutt), a Geschicht (Ashcan), oder eppes, dat am Liewen vum Filmmécher virgefall ass. Et gëtt och vill Documentairen iwwer regulär Persounen (Mir wëllen net bleiwen) a Perséinlechkeeten (Monsieur Warum iwwer de Camillo Felgen), an iwwer Déiere produzéiert.
Obwuel en Documentaire net fiktional ass, ass et méiglech, datt e Rekonstruktioune weist. Dofir gi bestëmmten Zeenen duerch Schauspiller nogespillt, well et kee Filmmaterial vun den originalen Zeene gëtt.
An engem Documentaire kënnen Interviewe gewise ginn. En ass generell wéi e literarescht Wierk opgedeelt, mat enger Aféierung, engem Haaptdeel an enger Konklusioun. Fir den Documentaire muss generell vill Recherche am Virfeld gemaach ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Documentaire, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.