De Christophe Wagner, gebuer den 10.
November 1974 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Christophe Wagner | |
---|---|
Gebuer | 10. November 1974 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
De Christophe Wagner huet tëscht 1995 an 2000 op der Bréisseler Héichschoul Institut Supérieur des Arts et des Spectacles (INSAS) studéiert an dës mat engem Diplom Réalisation Film-Télévision ofgeschloss.
Zanterhier huet hie Kuerzfilmer, Documentarfilmer, Pubën a Portraite realiséiert. 2011 huet hie säin éischte Long-métrage, de Krimi Doudege Wénkel realiséiert, deen am Oktober 2012 an d'Kinoe koum. 2015 koum den historeschen Drama Eng nei Zäit eraus, deen op engem Zenario vun der Viviane Thill baséiert, an deen ë. a. de fënneffache Muerd um Wandhaff thematiséiert. Bei deenen zwéi Filmer war hien och Co-Auteur vum Dréibuch.
Hien ass och Regisseur vun den zwou Staffelen (2 x 12 Episoden) vun der TV-Serie Capitani (2019, 2022), vun zwou Episode vun der 2. Staffel vun der belscher Serie Unité 42 (2019) an e puer Episode vun der Sitcom Comeback (2013).
Ausserdeem war hien de Regisseur vun der zweeter Ekipp vun der Geneviève Mersch hirem J'ai toujours voulu être une sainte (2003) an huet de Making of vum Pol Cruchten sengem Perl oder Pica gedréint.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Christophe Wagner, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.