Süden oder Süd ass eng Haapthimmelsrichtung, déi vun iwwerall op der Äerd op de Südpol weist.
Och op den anere Planéiten aus eisem Sonnesystem gëtt et d'Himmelsrichtung Süden, an och do weist si op de Südpol. Si gëtt fir d'Navigatioun a fir d'Angab vun de Koordinaten gebraucht.
Süden entstaamt engem algermanesche Richtungsadverb sunþa "no Süden", den "ü" gëtt et eréischt zanter dem 12. Joerhonnert.
Süden heescht och:
De Begrëff Süd oder Süden (Ofkierzung S) bezeechnet eng Bissectrice tëscht Ost (90 Grad) a West (270 Grad). D'Sonn ass um 12:00 Auer (Lokalzäit) op der Nordhallefkugel ongeféier am Süden. Dofir léisst sech op der Nordhallefkugel mat enger Analogauer bei Sonnesiicht de Süde bestëmmen, andeems een de Stonnenzäer op d'Sonn riicht. De Südpol ass dann ongeféier op der Verlängerung vun der Wénkelhalschent vum Stonnenzär an der 12 (bei Normalzäit).
D'Nole vum Kompass si mat hire Spëtzen a Mëtteleuropa bal ëmmer no Norde resp. Süde geriicht. Déi eng Spëtzt vun der Magnéitnol weist op de magnetéische Südpol, deen ërtlech net honnertprozenteg mat dem geographeschen Nordpol iwwereneestëmmt. D'Phenomeen vun der Differenz tëscht geographesch Nord a magnéitesch Süd gëtt als Deklinatioun bezeechent. Fir déi genee Bestëmmung vun der Deklinatioun an domat fir d'Berechnung vun der Differenz gebraucht een entspriechend Donneeën op topographesche Kaarten oder d'hëlt ee Spezialkaarten iwwer d'Magnéitfeld (Isoklinen-Kaarten) dobäi.
An der haiteg verbreetster Method vun der Kartographie nom Mercator ass de Süden um ënneschte Blatrand vun der Kaart.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Süden, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.