Thomas Vun Aquin: Italieeneschen Theolog a Philosoph

Den Thomas vun Aquin, gebuer ëm 1225 um Schlass vu Roccasecca bei Neapel an Italien a gestuerwen de 7.

Mäerz">7. Mäerz 1274 an der Abtei Fossanova, war en italieeneschen Dominikaner, deen als ee vun de bedeitendste Philosophen an Theologe vum Mëttelalter gëllt.

Thomas vun Aquin
Thomas Vun Aquin: Liewen, Wierk, Literatur
Gebuer 1225
Roccasecca
Gestuerwen 7. Mäerz 1274 jul.
Klouschter Fossanova
Educatioun Paräisser Universitéit,
Universitéit Federico II zu Neapel
Aktivitéit Theolog, Professer, Priister, Philosoph, Schrëftsteller
Thomas Vun Aquin: Liewen, Wierk, Literatur
Thomas Vun Aquin: Liewen, Wierk, Literatur
Den Thomas vun Aquin op engem Bild vum Fra Angelico

Liewen

Hien ass géint de Wëlle vun senger adeleger Famill an deen nei gegrënnten Heeschenuerde vun den Dominikaner agetrueden - si hätten hie léiwer deemools am Benediktineruerde gesinn. Seng Bridder entféieren hie souguer, mä wéi et hinnen net geléngt, den Thomas vu sengem Wëllen ofzebréngen, loosse si hie schliisslech goen.

Vun 1248 bis 1252 léiert hie beim Albert dem Groussen, och en Dominikaner, zu Köln. Vun 1269 un ass hien als Studieprefekt vu sengem Uerden zu Neapel, wou en 1272 eng Dominikanerschoul opbaut. Säi Liewen ass, geméiss dem Zil vun den Dominikaner, ganz op de Studium ausgeriicht. Zesumme mam Albertus grënnt hie gewëssermoossen eng nei, wëssenschaftlech Theologie, déi och naturwëssenschaftlech Erkenntnesser an d'Wësse vun den Araber an den ale Griichen, dat grad nei entdeckt gouf, mat abezitt.

1323 huet de Poopst Johannes XXII. den Thomas vun Aquin helleggesprach. 1567 krut hien den Titel Docteur de l'Église ("Kirchenvater").

Bis haut gëllt den Thomas vun Aquin als ee vun deene gréissten Theologen iwwerhaapt a gëtt als groussen Hellege veréiert.

Säi Graf ass an der Jakobinnerkierch vun Toulouse.

Wierk

Thomas Vun Aquin: Liewen, Wierk, Literatur 
Super libros de generatione et corruptione

Dem Thomas säi Wierk ass enorm, net onbedéngt wat d'Zuel vun de Bicher ugeet, mä virun allem am Bezuch op seng Wierkung souwuel op d'Theologie wéi op d'Philosophie, am Mëttelalter an nach laang duerno. Seng Aart a Weis ze denken, seng systematesch Uerdnung vun der Theologie a seng grouss Erkenntnesser hunn d'Chrëschtentum wuel am stäerkste beaflosst, bis an eis Zäit eran. Zu senge bekanntsten a wichtegste Schrëfte gehéieren d'Summa contra gentiles an d'Summa theologica, e Versuch, déi komplett chrëschtlech Theologie z'uerdnen a wëssenschaftlech erkläert duerzestellen.

Literatur

  • Jean-Pierre Torrell, Saint Thomas d'Aquin - L'homme et son oeuvre ; Paräis (Cerf; Kollektioun Épiphanie), 2012; 368 Säiten.
  • Marie-Dominique Chenu, Saint Thomas d'Aquin et la Théologie ; Paräis (Seuil - Points Sagesses), 2005; 191 Säiten.
  • Maximilian Forschner, Thomas von Aquin ; München (Beck'sche Reihe), 2006; 238 Säiten.

Um Spaweck

Commons: Thomas Aquinas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Thomas Vun Aquin LiewenThomas Vun Aquin WierkThomas Vun Aquin LiteraturThomas Vun Aquin Um SpaweckThomas Vun Aquin122512747. MäerzItalienMëttelalterNeapelPhilosophieTheologie

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Rond-point GluckD'Pierle vum DaEuropäesch UniounOeillets-RevolutiounHugues Le Gallais1919Elisabeth vun Éisträich-Ungarn16. MäerzLëtzebuergesch KichespezialitéitenInstitut supérieur d'études et de recherches pédagogiquesMichel GehrendSarah SchreiberHypertext Markup LanguageErnest Arendt (Affekot)Côte de La RedouteLaosLes inconnus dans la maison16. AbrëllAbrëllsgeckStëbssuckelerTali GolergantAlain AttenGuillaume vu LëtzebuergVereenegt Staate vun AmerikaLee Van CleefISO 3166-1Benito Mussolini29. JanuarMaximilian SchellErmesinde vu LëtzebuergBlogTelekommunikatiounPozuelo de Alarcón1323Benny BergFrançoise ThomaRobert SchumannSexualitéitAli RuckertPerl oder Pica (Film)FC Déifferdeng 03MelusinaHenri vu LëtzebuergvietnamBangladeschLëtzebuerg (Land)MailandRaymond BurrSacem LuxembourgMoskauNorbert BeckerGeorges RavaraniKachkéisGolf vum OmanZypernZuchaccident zu ZoufftgenNaomi AyéBëschofWaasserFrankräichCécile WagnerKasanLiège-Bastogne-Liège 2023Liberté - Fräiheet!Patrick SanaviaJeannot MetzlerRobert KrantzYouTubeRéimechDiddelenger Schmelz🡆 More