Als Latäin (lat.
Latäin lingua latina | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Vatikanstad |
Regioun: | {{{Regioun}}} |
Gëtt geschwat vun: | Nëmmen als zweet Sprooch |
Klassement: | |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Vatikanstad |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | la |
ISO 639-2 | lat |
ISO 639-3 | {{{iso3}}} |
lingua Latina) bezeechent een déi Sprooch, déi ursprénglech vum Volleksstamm vun de Latiner geschwat gouf, déi och der Regioun Latium mat Roum als Zentrum hiren Numm ginn hunn. Latäin gehéiert domat zu den italesche Sproochen, déi zu den Centum-Sprooche gehéieren, déi hirersäits zur indogermanescher resp. indoeuropäescher Sproochfamill gezielt ginn. Dat Laténgescht stellt d'Grondlag fir all haiteg romanesch Sproochen duer.
Kuckt den Artikel Laténgesch Grammaire.
Zu Lëtzebuerg huet een zum Schluss vun der Septième d'orientation, dem éischte Joer am Enseignement secondaire, d'Méiglechkeet tëscht der klassescher Orientatioun (Latäin + Englesch vu 5e un) an der moderner Orientatioun (Englesch + nach eng aner lieweg Sprooch vun 3e un) ze wielen. An den éischten dräi Joer Latäin gëtt haaptsächlech Grammaire a Vocabulaire gemaach, mä och scho vill iwwersat. No der 3e kann ee, wann ee wëll, nach viru maache mam Latäin. An den zwee leschte Lycéesjore gi bal nëmme méi Texter vun de groussen Auteuren (Cicero, Tacitus, Seneca...) iwwersat, a Grammaire sou gutt wéi keng méi gemaach. Beim Iwwersetze kritt een natierlech d'Réimesch Geschicht a Kultur méi no bruecht.
Wann ee Latäin léiert, gëtt engem domat och automatesch am Franséische gehollef, sou wéi an den anere romanesche Sproochen. Dacks kann een och erausfannen, wat e Wuert heescht, ouni Dictionnaire, mä mat Hëllef vun der Etymologie.
Commons: Latäin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Latäin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.