D'Banque centrale du Luxembourg, gekierzt BCL, ass d'Zentralbank vu Lëtzebuerg.
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Si ass aus dem Institut monétaire luxembourgeois (IML) entstanen a gouf 1998 duerch d'Gesetzer vum 22. Abrëll 1998 a vum 23. Dezember 1998 geschaaft, zur selwechter Zäit wéi d'Europäesch Zentralbank. Bis zum 1. Januar 2002, dem Zäitpunkt wou den Euro an Ëmlaf bruecht ginn ass, huet si ënner dem Numm Institut monétaire luxembourgeois (IML) funktionéiert.
Banque centrale du Luxembourg BCL | |
---|---|
D'Gebai vun der Zentralbank um Boulevard Royal D'Gebai vun der Zentralbank um Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg | |
D'Gebai vun der Zentralbank um Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg | |
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 22. Abrëll 1998 |
Sëtz | 2 Boulevard Royal Stad Lëtzebuerg |
Leedung | Gaston Reinesch (Generaldirekter a President vum CA) |
Mataarbechter | 460 (2023) |
Branche | Zentralbank |
Homepage | www.bcl.lu |
Si ass Deel vum Europäesche System vun Zentralbanken (ESCB).
Hire Sëtz ass um Boulevard Royal am fréiere Siège vun der Banque internationale à Luxembourg (BIL). D'BCL huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
President war, vun zanter hirer Grënnung bis Enn 2012, den Yves Mersch. Zanter dem 1. Januar 2013 ass et de Gaston Reinesch.
Ausser den dräi Direktiounsmemberen déi d'office am Conseil vun der BCL sinn, gi vum Regierungsrot nach sechs Memberen ernannt.
Period | President | Memberen | Direktiounscomité |
---|---|---|---|
1983-1998 | Pierre Jaans Generaldirekter vum IML | Raymond Kirsch (President), Jean Krier, Yves Mersch, Ernest Quaring, Gaston Reinesch, Robert Weides | Pierre Jaans, Jean-Nicolas Schaus, Jean Guill |
1998-2012 | Yves Mersch | Andrée Billon, Jean Hamilius, Pit Hentgen, Mathias Hinterscheid, Yves Nosbusch, Patrice Pieretti, Jacques Poos, Nico Reyland, Romain Schintgen, Pierre Werner, Michel Wurth, Claude Zimmer | Yves Mersch, Serge Kolb, Pierre Beck |
2013-2024 | Gaston Reinesch | Michèle Detaille, Betty Fontaine (2012-2014), Nadia Manzari, Aline Muller, Martine Reicherts, Simone Retter (2014-2017), Claude Wirion, Michel Wurth | Gaston Reinesch, Roland Weyland, Nicolas Weber |
D'BCL ass chargéiert:
D'BCL ass och zoustänneg fir de Remboursement vun de Billjeeën an de Mënzen a bitt zanter 2002 verschidden numismatesch Servicer un.
Commons: Banque centrale du Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Banque centrale du Luxembourg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.