De Mohandas Karamchand Gandhi, genannt Mahatma Gandhi, op Gujarati મોહનદાસ કરમચંદ ગાંધી, op Devanagari मोहनदास करमचंद गांधी, Mohandās Karamcand Gāndhī, gebuer den 2.
Oktober">2. Oktober 1869 zu Porbandar/Gujarat, a gestuerwen den 30. Januar 1948 zu Nei-Delhi, war en indesche Politiker a Mënscherechtskämpfer.
Mohandas Karamchand Gandhi | |
---|---|
Gebuertsnumm | મોહનદાસ ગાંધી |
Gebuer | 2. Oktober 1869 |
Gestuerwen | 30. Januar 1948 |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Indien |
Educatioun | University College London |
Aktivitéit | Politiker, Politesche Schrëftsteller, Journalist, Philosoph, Autobiograph, Essayist, Humanitarier, Friddensaktivist, Revolutionär, Schrëftsteller, Jurist |
Partei | Indeschen Nationalkongress |
De Gandhi koum als jéngste vu véier Jonge vum Karamchand Gandhi, dem Premierminister vu Porbandar, op d'Welt an huet vun 1888 bis 1891 zu London Droit studéiert.
Duerno huet hien a Südafrika am Kampf fir d'Rechter vun den indeschen Awanderer d'Method vum gewaltlose Widderstand entwéckelt.
Dës Method huet hien och 1914 a senger Hemecht Indien propagéiert wéi d'Kolonialmuecht England den Inder d'Selbstverwaltung verweigert huet.
Den 30. Januar 1948 gouf den 78-järege Gandhi vum Hindu-Nationalist Nathuram Godse erschoss.
Commons: Mohandas Karamchand Gandhi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mohandas Karamchand Gandhi, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.