Liewen
D'Anne Beffort war eent vun eelef Kanner, hire Papp war Gäertner. No der Mëttelschoul an der Sainte-Sophie ass si an d'Léierinneschoul gaangen a war vun 1900 bis 1904 Schouljoffer zu Riedgen. Si goung dunn op d'Westfälesch Wilhelms-Universtitéit zu Münster an op d'Sorbonne franséisch Literatur studéieren, wou si Schülerin vum Gustave Lanson war. 1909 war si mat der Marie Speyer déi éischt Lëtzebuergerin, déi en Doktertitel krut.
1941 gouf d'Anne Beffort vun den Nazië vum Schouldéngscht suspendéiert. Vun 1945 bis 1946 huet si nees Schoul gehalen.
Den Archiv vun der Anne Beffort gëtt am nationale Literaturzentrum ënner der Nummer CNL L-0205 erhalen.
Engagement
Si war 1909 Matgrënnerin vum Stater Meedercherslycée an déi éischt Lycéesprofessesch zu Lëtzebuerg.
Vun 1929 u war si Presidentin vun der Association amicale des anciennes élèves du Lycée de jeunes filles, e Veräin dee si gehollef hat grënnen.
D'Anne Beffort war eng engagéiert Verfechterin vun der franséischer Sprooch a Literatur an huet sech agesat fir en Zesummeréckele vun der franséischer an der lëtzebuergescher Kultur. Si war 1934 Grënnungsmember vun der SELF, der Société des écrivains luxembourgeois de langue française. Si war och Member vun den Amitiés françaises.
D'Anne Beffort war déi éischt Presidentin vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, déi 1937 gegrënnt gi war, fir de Victor-Hugo-Musée zu Veianen ze bedreiwen.
Bibliographie (Auswiel)
- Beffort, Anna, 1908. Alexandre Soumet, sa vie et ses oeuvres. Thèse Th. lett. Paris. 101 p. J. Beffort, Luxembourg.
- Beffort, Anne, 1926. L'enfant dans l'oeuvre de Victor Hugo et particulièrement dans « Les misérables ». In: Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1925-1926 / Lycée grand-ducal de Jeunes Filles de Luxembourg = Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1925-1926 / Grossherzogliches Mädchenlyzeum zu Luxemburg. Linden & Hansen, Luxembourg. pp. 1–46.
- Beffort, Anne, 1938. Les amis de Victor Hugo. In: Friedrich, Evy (Hrsg.) 1938. Oesling: Ardenner Heimatblätter Nr. 6: 50-51. Emile Schumacher & Cie., Diekirch.
- Beffort, Anne, 1939. Au centenaire de notre indépendance. Luxemburger Lehrer-Zeitung Jg. 34, Nr. 4 u. 5, p. 97-100. Luxembourg.
- Beffort, Anne, 1961. Souvenirs. Tome I: sans titre, 311 p. Tome II: Victor Hugo et nous. 215 p. Linden, Luxembourg.
- Beffort, Anne, 1966. Marcel Noppeney, poète et martyr de Dachau. Les Pages de la S.E.L.F. XIII: 16-20. Luxembourg.
Éierungen a Gielercher
Gielercher
No der Anne Beffort genannt
- Allkéiers eng Strooss (Rue Anne-Beffort) um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg, zu Nidderkuer, Stroossen a Keel.
- De Prix Anne-Beffort, deen zanter 2003 vun der Stad Lëtzebuerg vergi gëtt, fir e Projet oder eng Initiativ z'éieren, dee sech op hirem Territoire fir d'Gläichberechtegung vu Mann a Fra asetzen.
- D'École internationale Mersch Anne Beffort
Aner Éierung
De 27. September 2010 huet d'Lëtzebuerger Post eng Serie vun dräi Timbere mat lëtzebuergesche Perséinlechkeeten erausginn, dorënner ee vun 0,70 Euro mat engem Portrait vun der Anne Beffort.
Literatur
- Frieden, Madeleine, 1968. Anne Beffort et la Société des Amis de Victor Hugo. Les Pages de la S.E.L.F. XIV: 23-26. Luxembourg.
- Kieffer, Rosemarie & Liliane Stomp-Erpelding, 1991. Anne Beffort. In: Katharina M. Wilson (ed.), 1991. An encyclopedia of continental women writers. Garland Publ., New York, London. P. 105.
- Kieffer, Rosemarie & Madeleine Frieden-Kinnen, 1995. Présence de Pierre Frieden: mémorial publié à l'occasion du centenaire de la naissance de Pierre Frieden (1892 - 1959). 256 p. Éd. Saint-Paul, Luxembourg.
- Sahl, Nicole, 2007. Beffort, Anne. S. 43-44 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Wilhelm, Frank, 2010. Raymond Escholier, biographe de Victor Hugo, et ses relations avec Anne Beffort et Vianden. Ous der Veiner Geschicht Nr. 28: 143-160. Veianen.
- Wilhelm, Frank, 2016. Anthologie de textes d'Anne Beffort (1880-1966). Galerie DOK_8, Éditions du centre culturel de Differdange. ISBN 2076-860
- da Silva, Sonia, 2017. L'oeuvre d'Anne Beffort cimentée. Nouvelle publicaton scientifique de la revue Galerie. Die Warte 22|2551 vum 13. Juli 2017, S. 6.
Kuckt och
Um Spaweck
Notten
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Anne Beffort, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.