09. Mee: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an där en dozou oprifft, datt déi europäesch Länner hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummeleeë sollen, fir sou an Zukunft Kricher onméigleg ze maachen. Domat hat hien de Grondstee vun der CECA, an der spéiderer EU, geluecht.
06. Juni: Am Görlitzer Ofkommes tëscht der DDR an der Volleksrepublik Polen gëtt d'Oder-Neiße-Linn als nei polnesch Westgrenz festgeluecht.
24. Juni: A Frankräich trëtt de Georges Bidault als Regierungschef zeréck; den Henri Queuille gëtt säin Nofollger, dee gëtt awer schonn den 12. Juli vum René Pleven ofgeléist.
16. Dezember: Wéinst dem Koreakrich rifft de President Truman fir d'USA den nationalen Noutstand aus.
Südamerika
03. Oktober: De Getúlio Dornelles Vargas gëtt zum Staatspresident vu Brasilien gewielt.
13. November: De venezolanische President Carlos Delgado Chalbaud, dee Member vun der Militärjunta ass, déi un der Muecht ass, gëtt entféiert an ermuert.
Asien
26. Januar: Indien gëtt offiziell eng Republik, de Rajendra Prasad gëtt hiren éischte President.
31. Juli: Mat der Resolutioun 85 autoriséiert den UNO-Sécherheetsrot d'militäresch Interventioun vun enger UNO-Trupp a Korea.
15. September: Mat der Landung bei Incheon fänkt d'Géigenoffensiv vun der UNO-Trupp un.
30. September: Südkoreanesch Truppe ginn iwwer den 38. Breetegrad eraus; dëst gëtt nodréiglech de 7. Oktober vun der UNO accordéiert.
19. Oktober: UN- Truppen eruewere Pjöngjang. Fräiwëllegenverbänn aus China kommen iwwer d'Grenz, fir Nordkorea ze hëllefen.
25. Oktober: Éischt Kämpf tëscht der chineesescher Fräiwëllegenarméi an enger südkoreanescher Infanteriesunitéit.
26. November: Ufank vun der Schluecht ëm de Chosin-Reservoir: d'UN-Truppe musse sech op de Bréckekapp vu Hŭngnam zeréckzéien, vu wou aus se Enn Dezember a Südkorea evakuéiert ginn.
16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jules Gales a Marcel Rewenig geschoss.
21. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint England. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.
04. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Frankräich.
22. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Oslo 0:1 géint Norwegen.
29. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jules Gales geschoss.
12. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Belsch. No engem Selbstgol vun de Belsch huet den Nicolas Kettel fir d'Lëtzebuerger den zweete Gol geschoss.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1950, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.