D'Muttergottesoktav zu Lëtzebuerg, och nach einfach Oktav (vun octo = aacht, an der kathoulescher Liturgie eng Zelebratioun vun aacht Deeg) genannt, ass an der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg eng Period vun zwou Wochen, an där d'Maria als Tréischterin am Leed besonnesch veréiert gëtt.
1679 gouf decidéiert d'Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s'eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.
Se huet de fënnefte Sonnden no Ouschtere mat enger feierlecher Schlusspressessioun hiren Ofschloss. All Paren aus dem Land, vill Schoulen an och Gruppen iwwer d'Grenzen eraus pilgeren an där Zäit an d'Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg, fir bei der Muttergottes ze bieden.
Dat politescht, gesellschaftlecht a reliéist Ëmfeld beim Ufank vun der Muttergottesoktav waren engersäits den Drëssegjärege Krich (1618-1648) an d'Peschtjoren (1626-1636): zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung stierwen un der Pescht. Krich an Hongersnout bestëmmen déi Krisenzäit.
Anerersäits hat déi jesuittesch Missioun e kloert Zil: duerch eng attraktiv Volleksfrëmmegkeet soll am Geescht vun der Géigereformatioun vum Konzil vun Trient (1545-1563) de kathoulesche Glawe gestäerkt ginn, fir ze verhënneren, datt de Protestantismus sech verbreet.
Den Text vum Erwielungsakt vu Maria, der Tréischterin, zur Patréinesch vum Land vum 20. Februar 1678 seet dëst:
Sainte Marie mere de JESUS Consolatrice des affliges, nous les trois Estats du Pays Dûche de Luxembourg et Comte de Chiny avec tous les habitans du Pays Vous choisisons aujourdhuy e mes nom et celuy de nos successeurs pour dame et patrone perpetuele de toute la Province, et professons fermement de vous honorer toujours pour tele. Cepourquoy nous vous supplions tres humblement de nous recevoir en vostre protection et de nous assister au temps de guerre, peste et famine et en toutes nos necessites et duersites. Amen
Ënnerschriwwe gouf den Text an der Jesuittekierch vun den dräi Stänn (Klerus, Adel a Bierger vun de Stied) wéi och vun de Magistrate vun de 15 Stied an den dräi „Franchises“ vum Herzogtum Lëtzebuerg.
Sou huet d'Muttergottesoktav och e nationale Charakter kritt. Am Zweete Weltkrich krut si och eng patriotesch Bedeitung a gehéiert bis haut zur reliéiser Identitéit vu Lëtzebuerg.
D'Oktav ass fir all Kierchechouer eng besonnesch Geleeënheet, fir hiert Kënnen an engem grousse sakrale Raum, der Kathedral, virun engem breede Publikum virzedroen. Sou ass et och verständlech, datt am Laf vun de Jore vill Museker Muttergotteslidder oder Uergelkompositioune komponéiert hunn.
E bedeitungsvollen Ufank vun der Oktav mécht de Pélé des Jeunes, deen op eng Initiativ vum Théophile Walin am Joer 1974 zeréckgeet, mam Zil fir de Jugendlechen an der Muttergottesoktav e gréissere Stellewäert ze ginn. Zanterhier gi sech all Joer déi Jugendlech aus dem ganze Land Rendez-vous virum Bild vun der Tréischterin moies fréi um 1. Oktavsonnden.
Den aktuelle Programm vun der Oktav gesäit all Dag eng 12 verschidde Masse fir déi verschidde Paren, Schoulen oder soss Institutiounen, eng Andacht mat der Oktavpriedegt oder e Rousekranzgebiet vir.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Muttergottesoktav, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.