D'Tessy Antony-de Nassau, fréier d'Prinzessin Tessy vu Lëtzebuerg, gebuer den 28.
Oktober">28. Oktober 1985 zu Lëtzebuerg, war d'Fra vum Prënz Louis vu Lëtzebuerg, dem Jong vum Groussherzog Henri. De 17. Februar 2017 goufe si zu London an enger Blëtzscheedung (quickie divorce) gescheet, ouni selwer present gewiescht ze sinn. Zum Ufank vum Joer 2021 huet d'Tessy Antony op Instagram matgedeelt, datt si sech mam Schwäizer Entreprener Frank Floessel verloobt huet., Si gouf freides, den 23. Juli 2021 mam Frank Floessel zu Zürich bestuet.
Tessy Antony-de Nassau | |
---|---|
D'Tessy Antony (2019) | |
Gebuer | 28. Oktober 1985 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | SOAS University of London |
Aktivitéit | Geschäftspersoun, Zaldot, Humanitarier, Philanthrop, Aristokrat |
Famill | |
Bestuet mat | Louis vu Lëtzebuerg |
Kanner | Gabriel vun Nassau, Noah vun Nassau |
D'Tessy Antony ass d'Duechter vun der Régine Heidemann an dem Leeëndecker François Antony. No hirem Secondaire am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng ass si zesumme mat hirem Brudder Ronny an d'Lëtzebuerger Arméi agetrueden. Vu Mäerz bis Juli 2004 war se mat enger Militärmissioun fir d'KFOR zu Mitrovicë am Kosovo.
D'Tessy huet de Prënz Louis déi éischt Kéier begéint wéi se an der Jugoslawie-Missioun war an de Prënz e Besuch bei den Truppe gemaach huet. Si hu sech den 29. September 2006 an der Parkierch vu Gilsdref bestuet. Bei senger Hochzäit huet de Prënz op seng Nofollgerrechter fir sech a seng Kanner verzicht, an d'Tessy Antony an hir Kanner kruten den Numm de Nassau.
D'Prinzessin Tessy an de Prënz Louis hunn zwee Kanner:
Um Nationalfeierdag 2009 huet de Groussherzog Henri der Tessy de Nassau den Titel Prinzessin vu Lëtzebuerg an hire Kanner den Titel Prënz vu Lëtzebuerg ginn.
D'Famill huet och zu London gelieft, wou de Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy op d'Universitéit gaange sinn. Am Laf vum Joer 2016 huet d'Tessy ugefaangen als „Director of communications“ bei der englescher Sécherheetsfirma DS-48 ze schaffen.
Den 18. Januar 2017 huet den Haff ugekënnegt datt de Prënz Louis géif vun der Tessy Antony gescheet ginn, wat dann och e Mount drop zu London geschitt ass. Domat huet d'Tessy Antony och hir groussherzoglech Predikater an Titele verluer,. Si behält awer den Numm "de Nassau" an nennt sech vum 1. September 2019 un "Tessy Antony-de Nassau".
De 27. August 2021 huet si iwwer Instagram matgedeelt, datt hiert 3. Kand, den Theodor, op d'Welt koum.
Den 31. Januar 2017 gouf si mat dem Präis Woman of the Decade um Women's Economic Forum ausgezeechent, well se besonnesch aktiv war, souwuel a Baarmhäerzegkeetsveräiner wéi och an Netregierungsorganisatiounen. Si ass zum Beispill global Ambassadrice fir UNAIDS fir jonk Fraen a Meedercher an der Pubertéit. Si huet och hir eegen ONG Professors Without Borders an d'Liewe geruff.
Als Tessy Antony-de Nassau huet si Finding Butterflies gegrënnt, eng Firma déi sech op eng global Berodung spezialiséiert huet, absënns am Beräich vun der Responsabilité sociétale des entreprises.
Si huet e Bachelor of Arts op der Richmond University an e Master of Arts op der SOAS Universitéit zu London gemaach. Am Mee 2020 war si am Gaang hir Dokteraarbecht an integrativer Medezin ze schreiwen an huet weiderhin Entreprisen an Institutiounen am Beräich vun der Nohaltegkeet an der Diversitéit beroden.
Zanter dem 30. Abrëll 2023 ass si Presentatrice vun der Sendung "Mënschen a Geschichten " op RTL Télé Lëtzebuerg.
Commons: Tessy Antony-de Nassau – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tessy Antony-de Nassau, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.